Op den Inhalt sprangen

Schlass Bierg

Vu Wikipedia
Schlass Bierg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Colmer-Bierg
Plaz Bierg
Koordinaten 49°48'51,1"N, 6°5'12,8"O
Architekt(en) Max Ostenrieder
Datum vum Bau 1911
Proprietär Lëtzebuerger Staat
D'Schlass Bierg (2008).
Bierg mam Schlass. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez (1834).
Dat neogotescht Schlass.

D'Schlass Bierg ass déi groussherzoglech Residenz zu Bierg an der Gemeng Colmer-Bierg.

De Beréng vum Schlass ass 10,32 ha grouss a begräift d'Schlass mam Park, Schäpp, Ställ a waarm Zären. Do derbäi kommen zwou Garagen, Wäschraim mat Streckzëmmeren, d'Orangerie (kal Zären), eng elektrescher Zentral mat Dieselundriff a 14 Personalhaiser[1].

1934 huet de Lëtzebuerger Staat d'Schlass – grad ewéi de Gréngewald – vum groussherzoglechen Haff ofkaaft[1] a stellt et zanterhier dem Groussherzog als Residenz zur Verfügung. Fir de Präis vu 40 Millioune Frang opzebréngen[2], gouf sengerzäit e Staatsemprunt opgeholl[3].

D'Schlass ass net fir de Public accessibel.

Gebaier

Fréier Gebaier

Op der Plaz vum haitege Schlass stounge follgend Gebaier, vun deene keng bis wéineg Spuere méi ze fanne sinn[4]:

  • eng éischt Buerg am 14. Joerhonnert;
  • e barocken Neibau am 18. Joerhonnert;
  • e méi e grousst, neogotescht Schlass ëm 1850-1879.
  • Eréischt 1907-1911 gëtt dat haitegt Schlass opgeriicht, vun deene virege Gebaier bleiwen nëmme ganz wéineg Elementer erhalen. Imposant ass virun allem dee 65 m héijen Haapttuerm.

Geplangt Gebai

Am Juli 2024 huet den Ierfgroussherzog Guillaume matgedeelt, datt hien – mam Accord vum Grand-Duc an der Regierung – plangt fir um Terrain vum Schlass eng Dependance fir seng Famill bauen ze loossen an esou de Liewensstil vu senger Famill méi zäitgeméiss a familljefrëndlech ze halen. Dat neit Gebai géif mat eegene Mëttel finanzéiert ginn. D’Schlass Bierg wär da weiderhin d'Aarbechtsplaz vum Grand-Duc a géif fir offiziell Receptioune benotzt ginn. Et kéint eventuell zu bestëmmten Zäite fir Visitten accessibel gemaach ginn.[5]

Geschicht

Déi éischt Kéier, wou vun engem Här vu Berghe rieds goung, war 1311. D'Schlass Bierg huet an de Joerhonnerten duerno ëmmer nees de Proprietär gewiesselt. 1845 huet de Barong du Pasquier et dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. zesumme mat der Colmer Schmelz verkaaft. 1848 huet d'Lëtzebuerger Constitutioun d'Schlass Bierg als Residenz vum Groussherzog vu Lëtzebuerg festgeluecht.

Ënner dem Wëllem III. gouf d'Schlass am neogotesche Stil ëmgebaut. 1891 ass d'Schlass an de Besëtz vum neie Groussherzog Adolphe iwwergaangen, a säi Jong, den Ierfgroussherzog Wëllem, ass do erageplënnert. 5 vu senge 6 Duechtere sinn do op d'Welt komm. Wéi en als Wëllem IV. op den Troun koum, huet hien dat aalt Schlass ofrappen an en neit baue gelooss. Den Architekt war de Münchener Max Ostenrieder, an d'Aarbechte goufen tëscht 1907 an 1911 ënner der Opsiicht vum Pierre Funck ausgefouert. De Bau war den 9. September 1911 fäerdeg.

D'Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte haten do hir Residenz. 1934 huet de Staat d'Schlass opkaaft, fir et direkt nees der Groussherzogin als Residenz zur Verfügung ze stellen.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung gouf tëscht 1941 an 1944 am Schlass eng "Napola", d. h. eng Elitteschoul fir Meedercher bedriwwen. Dobäi gouf villes ëmgebaut an déi meescht Konschtwierker a Miwwele sinn an där Zäit verschwonnen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalpolitische Erziehungsanstalt Kolmar-Berg.

Nom Krich hunn d'Renovatiounsaarbechte laang gedauert an d'Grande-Duchesse Charlotte ass an d'Schlass Fëschbech wunne gaangen. Eréischt 1964, wéi hire Jong Jean Groussherzog gouf, huet hie mat Fra a Kanner säi Wunnsëtz vum Schlass Betzder an d'Schlass Bierg verluecht.

Och säi Jong Henri huet do, nodeems en 2000 Groussherzog gouf, an no Renovéierungsaarbechten, zanter 2002 mat senger Famill seng Residenz.

Am Schlass ass d'Lëtzebuerger Haffbibliothéik, déi aus enger 30.000 Bicher besteet.

Literatur

  • Anonym, 1912. Schloss Colmar-Berg. Der Profanbau H. 5: 111-132. Leipzig.
  • Frising, Fränz, 1965. Schloss Berg im Wandel der Zeiten. S. 9-24 in: Colmar-Berg: was einst war und sich immer neu gestaltet. Luxemburg.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1978. Schloss Berg an der Attert. Heimat und Mission Jg. 52, n° 1/2: 4-6. Clairefontaine.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg: RTL Édition, 271 p.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Schlass Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 1,0 1,1 (fr)Loi du 14 avril 1934, concernant l'acquisition par l'Etat du bois Grünewald et du Château de Berg. data.legilux.public.lu (14.04.1934). Gekuckt de(n) 18.07.2024.
  2. Schlass + Gréngewald
  3. (fr)Arrêté du 1er août 1935, réglant les conditions de l'emprunt autorisé par les lois des 30 juin 1930, 30 janvier 1933, 14 avril 1934 et 10 mai 1935. data.legilux.public.lu (01.08.1935). Gekuckt de(n) 18.07.2024.
  4. Cf. Krantz & Quintus 1984: 145-146 an der Literatur.
  5. (lb)Message vum Ierfgroussherzog. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 18.07.2024.