Op den Inhalt sprangen

Henri vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Henri vu Lëtzebuerg
Titelen
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg
Zäit 1998 bis 2000
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit zanter dem 7. Oktober 2000
Virgänger Jean
Biographie
Gebuer 16. Abrëll 1955
Schlass Betzder
Bestuet mat Maria Teresa Mestre
Papp Jean vu Lëtzebuerg
Mamm Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Geschwëster Margaretha vu Lëtzebuerg, Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg
Kanner Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
De Monogramm

Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass zanter dem 7. Oktober 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.

Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Säi Liewen

De Prënz Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.

1973, wéi e groussjäreg gouf, krut hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 ass hien op d'Militärakademie vu Sandhurst gaangen, wou en 1975 Offizéier gouf. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien zanter dem 6. Oktober 2000 den Titel Generol. Duerno huet hien op der Universitéit vu Genf Politik­wëssenschafte studéiert, an dës Studien 1980 mat enger Licence ofgeschloss.

De 14. Februar 1981 huet hien d'Maria Teresa Mestre bestuet, déi en do kennegeléiert hat. Zesummen hu se fënnef Kanner.

Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.

Vun 1980 bis 1998 war hie Member vum Staatsrot.

De 4. Mäerz 1998 gouf hien, entspriechend dem Artikel 42 vun der Lëtzebuerger Constitutioun, vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.

De 7. Oktober 2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zeréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt. D'Feierlechkeete fir d'Trounbesteigung ((fr) joyeuse entrée) si wéinst engem Autosaccident vum Prënz Guillaume a senger Fra op de 6. Abrëll 2001 verluecht ginn[1].

Wéi hien am Kader vum Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[2], huet de Grand-Duc Henri den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[3]

Promulgatioun a Sanctioun vun de Gesetzer

Op internationale Medienecho ass seng Intentioun gestouss, d'Gesetz iwwer Euthanasie, wann et an der Chamber beim Zweete Vott gestëmmt géif, net z'ënnerschreiwen. Domat hätt et, der Verfassung no net a Kraaft triede kënnen. Effektiv stoung do am Artikel 34, de Groussherzog "promulgéiert a sanctionéiert" Gesetzer, an deelt seng Schlussfollgerung der Chamber bannent 3 Méint nom Vott mat.[4] Hien hat dat den 2. Dezember 2008 de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt. Als Grond sot en, hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[5] Mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember 2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 sollt sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionéieren" (wat eng explizitt Stellungnam bedeit).[6] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.

Dës Ännerung ass den 12. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden.

Kanner

D'Groussherzoglech Koppel (2012).

Den Henri ass Papp vu fënnef Kanner:

Enkelkanner

  • Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
  • Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
  • Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Félix a senger Fra Claire
  • Liam (* 28. November 2016), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire
  • Charles (* 10. Mee 2020), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
  • François (* 27. Mäerz 2023), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
  • Balthasar (* 7. Januar 2024), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Henri vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Jean
Groussherzog vu Lëtzebuerg
zanter 2000
Nofollger:
-

Referenzen

  1. Marc Gerges, Monarchie - Nouvelles têtes, nouveau style, amd'Lëtzebuerger Land vum 4. Abrëll 2001, fir d'lescht gekuckt den 9. Januar 2019
  2. (fr)Annonce de la Lieutenance de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  3. Kevin Kayser a Pierre Weimerskirch: "Lieutenant-Représentant huet Eed ofgeluecht: 'Nei Etapp, déi fir déi ganz Famill ufänkt', esou den Ierfgroussherzog." rtl.lu, 08.10.2024.
  4. Article 34: Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre.
  5. Deklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008
  6. gouvernement.lu