Messier 103
Date vum Messier 103
| |
---|---|
Stärebild | Cassiopeia (Cas)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 1h 33m 4s |
Deklinatioun | + 60° 39' |
Ausgesinn | |
Klassifikatioun | III,2,p (Trumpler) ,d (Shapley) |
Visuell Magnitude | +7,4m |
Wénkelduerchmiesser | 6' |
Zuel vu Stären | 172 |
Hellste Stär | +10,5 mag |
Physikalesch Daten | |
Distanz | 46 Mio. Lj |
Routverrécklung | −6 |
Heliozentresch radial relativ Vitess | (−40,4 ± 1,6) |
Absolutten Duerchmiesser | 15 Lj |
Alter | 9 Mio Joer |
Geschicht | |
Entdecker | Pierre Méchain |
Entdeckungsjoer | 1781 |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 581, C 0129+604, OCl 326, Mel 8, Cr; 14, Lund; 46, GC 341, Raab; 4, OCISM; 75, |
De Messier 103 (och als NGC 581 bezeechent) ass e +7,4 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Wénkelausdehnung vu 6' am Stärebild Cassiopeia.
Well de Koup vun der Äerd aus gesinn um Mëllechstroosse-Band läit, ass d'Bestëmmung vu senger Distanz net ganz einfach an et bleiwen nach e puer Onsécherheeten. D'Distanz vum M 103 gëtt op ronn 8500 Liichtjoer geschat. En ass ongeféier 15 Liichtjoer grouss. Déi radial Relativvitess vum M 103 zu eisem Sonnesystem ass ronn −40 km/s. Den Alter vum M 103 gëtt no neie Berechnungen op zirka 25 Millioune Joer geschat. De Stärekoup gouf am Joer 1781 vum Pierre-François-André Méchain entdeckt.
Den hellsten an opfällegste Stär am Beräich vum M 103 ass de Struve 131 (HD 9311, SAO 11822), e Méifachstär mat enger Magnitude vu +7,3 mag a mat engem +10,5 mag helle Begleeder. Dobäi handelt et sech awer ëm e Stär dee virum M 103 steet, an net zum Stärekoup gehéiert. Déi hellst Stären déi zum M 103 gehéieren, erreechen eng Visuell Magnitude vun 10,5 mag.
De Messier 103 war de leschten Objet deen offiziell an de Messier-Katalog bäigesat gouf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Messier 103 – Biller, Videoen oder Audiodateien |