Herse (Mound)
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 22.983.000km |
Periapsis | 17.511.000 km |
Apoapsis | 28.455.000 km |
Exzentrizitéit | 0,238 |
Ëmlafzäit | 714,51 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,34 km/s |
Inklinatioun | 164,92° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | ≈ 2,6 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,4 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 8. Februar 2003 |
Den Herse (och Jupiter L) ass ee vun de klenge Jupitermounden.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Herse gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut ufanks d'Bezeechnung S/2003 J 17, a gouf offiziell den 9. November 2009 no der Herse genannt, enger Duechter vum Kinnek Kekrops aus der griichescher Mythologie.
Bunndonnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Den Herse kreest a 714 Deeg, 11 Stonnen a 17 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 22.992.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2378. Mat enger Schréi vun 164,917° géint d'Ekliptik ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Herse zu der Carme-Grupp gerechent.
Physikalesch Donnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Den Herse huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. En huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonnenliicht gi reflektéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2003-G19: S/2003 J 17 3. Abrëll 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2009-S76: S/2003 S 17 24. September 2009 (Zeréckentdeckung)