Op den Inhalt sprangen

Gramm

Vu Wikipedia

De Gramm ass eng physikalesch Moosseenheet fir d'Mass. Ee Gramm (g)[1],[2] ass den Dausendstel Deel vun engem Kilogramm (kg), der offizieller SI-Basiseenheet fir d'Mass. Op déi Manéier, als 0,001 Kilogramm, ass de Gramm an nationalen Eenheetegesetzer an an Normen definéiert.

Hierkonft vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm kënnt vum lat. gramma, der Bezeechnung fir e klengt Gewiicht (1/24 Onz, entspriechend dem sougenannte Skrupel, ongeféier 1,25 g).[3]

Gebräichlech Moosseenheeten

[änneren | Quelltext änneren]

10−12 Mt = 10−9 kt = 10−6 t = 10−3 kg = 1 g = 103 mg = 106 µg = 109 ng = 1012 pg

Ausgeschriwwen:

  • 1 Megatonn = 1 Billioun Gramm = 1 Milliard Kilogramm
  • 1 Kilotonn = 1 Milliard Gramm = 1 Millioun Kilogramm
  • 1 Tonn = 1 Millioun Gramm = 1000 Kilogramm
  • 1000 Milligramm = 1 Gramm
  • 1 Millioun Mikrogramm = 1 Gramm
  • 1 Milliard Nanogramm = 1 Gramm
  • 1 Billioun Pikogramm = 1 Gramm

Am englesche Sproochraum verbreeten Eenheeten:

1 pound = 16 ounce = 453,59238 g

oder

2,2046 pound = 1000 g

Ee Gramm destilléiert Waasser hëlt bei enger Temperatur vun 3,98 °C an engem Loftdrock vun 101,325 kPa de Volume vun engem Kubikzentimeter respektiv engem Milliliter an. Säit 1889 ass den dausendsten Deel vum Urkilogramm, deen zu Paräis versuergt gëtt, als ee Gramm festgeluecht.

Am Contraire zur normaler Reegel am SI, bilt een dezimal Deeler oder Villfacher vu Masseneenheeten net vun der Basiseenheet Kilogramm aus, mä vum Gramm aus. Dobäi huet de Megagramm de besonneschen Numm Tonn (t).

Den Dekagramm huet dat SI-konformt Eenheetenzeechen "dag". An der Republik Éisträich gouf den Dekagramm (= 0,01 Kilogramm) virum Entstoe vum SI duerch Gesetz vum 5. Juli 1950 als gesetzlech Mooss fir d'Mass mat dem Zeechen „dkg“ agefouert. 1973 ass d'Zeechen entspriechend de Reegelen am SI zu "dag" geännert ginn. Dat ursprénglecht Zeechen ass bis den 31. Dezember 1977 iwwergangsweis zoulässeg bliwwen. An Éisträich gëtt Dekagramm virun allem beim Akaf vu Liewensmëttel a bei Rezepter als Moosseenheet heefeg gebraucht an dobäi ëmgangssproochlech dacks zu "Deka" verkierzt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. SI brochure, Section 3.2
  2. NIST Special Publication 811
  3. Georges: Lateinisch-deutsches Handwörterbuch. Lemma: gramma