18. Oktober
Ausgesinn
Den 18. Oktober ass den 291. Dag (292. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1685: Frankräich: Revocatioun vum Edikt vun Nantes.
- 1793: Frankräich: D'Vendéens kommen iwwer d'Loire zu Saint-Florent-le-Vieil. Dëst ass den Ufank vun der Virée de Galerne.
- 1894: Lëtzebuerg: De Paschtouer Martin Blum grënnt Ons Hémécht, Veräin fir lëtzebuergesch Geschicht, Literatur a Konscht an domat och d'Zäitschrëft mat deem selwechten Numm.
- 1896: Lëtzebuerg: Zu Iechternach gi fir d'éischt zu Lëtzebuerg Filmer gewisen, ë. a. L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière.
- 1989: Däitschland: Den Egon Krenz léist den Erich Honecker als Staats- a Parteichef vun der DDR of.
Gebuer
- 1706: Baldassare Galuppi, italienesche Komponist.
- 1777: Heinrich von Kleist, däitsche Schrëftsteller.
- 1831: Friedrich III., Keeser vun Däitschland a Kinnek vu Preisen.
- 1842: Anne Pescatore, Molerin
- 1901: Ferdinand Gremling, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1902: Alfred Loesch, lëtzebuergeschen Affekot.
- 1918: Konstantinos Mitsotakis, griichesche Politiker a Regierungschef.
- 1925: Ramiz Alia, albanesche Politiker a Staatschef.
- 1925: Melina Mercouri, griichesch Schauspillerin a Politikerin.
- 1926: Chuck Berry, US-amerikanesche Museker.
- 1926: Klaus Kinski, däitsche Schauspiller.
- 1927: George C. Scott, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 1956: Martina Navrátilová, Tennisspillerin.
- 1957: Catherine Ringer, franséisch Kënschtlerin a Sängerin.
- 1963: Claude Ernster, lëtzebuergesch Molerin.
- 1976: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathlet
Gestuerwen
- 1541: Margaret Tudor, Kinnigin vu Schottland.
- 1793: Charles Melchior Artus de Bonchamps, franséischen Adelegen a Kommandant vun der Arméi vun der Vendée.
- 1819: Franz Xaver Gewey, éisträicheschen Beamten, Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1845: Jean-Dominique Cassini , franséischen Astronom a Kartograf.
- 1883: Charles-Théodore André; Politiker, Jurist an Auteur.
- 1893: Charles Gounod, franséische Komponist.
- 1931: Thomas Alva Edison, US-amerikaneschen Erfinder.
- 1955: José Ortega y Gasset, spuensche Philosoph, Soziolog a Schrëftsteller.
- 2005: William Evan Allan, leschten australesche Veteran aus dem Éischte Weltkrich
Feierdeeg
Méint |
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |