Op den Inhalt sprangen

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Vu Wikipedia

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ((fr) Centre pour le luxembourgeois) ass eng Kontakt- an Informatiounsplaz iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an eng Institutioun déi zur Ëmsetzung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik bäidréit. Den Zenter ënnersteet dem Educatiouns- an dem Kulturminister.

Zweck vum Zenter

[änneren | Quelltext änneren]

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch këmmert sech ëm d'Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch an d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg grad wéi ëm d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen hei am Land an am Ausland. En dokumentéiert och d'Lëtzebuerger Sprooch, absënns hir Geschicht, hir Dialekter an de villsproochege Kontext. Donieft organiséiert den Zenter Ausstellungen a Konferenzen. D'Aktivitéiten an d'Equipe vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ginn an den Zenter integréiert an den LOD, grad wéi d'Servicer ronderëm, ginn an den nächste Jore stänneg ausgebaut an ugepasst[1].

Den Zenter beschäftegt sech - vu sech aus oder op Demande vun der Regierung - mam Iwwerpréiwe vu Froen am Zesummenhang mat der Lëtzebuerger Sproochepolitik. E publizéiert d'Orthographies- a Grammairesreegele vun der Lëtzebuerger Sprooch, nodeems en den Avis vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch gefrot huet. En entwéckelt an aktualiséiert och sproochlech Instrumenter a beäntwert Froen am Zesummenhang mat der Rechtschreiwung, der Grammaire, der Phoneetik an dem richtege Gebrauch vum Lëtzebuergeschen.

Op Demande vun de zoustännege Ministere këmmert e sech och ëm d'Iwwersetzung vun amtlechen Dokumenter a Matdeelungen, déi verëffentlecht solle ginn.

Den Zenter soll sech zum engem Kulturzenter entwéckelen, sou wéi dat mat der Académie française a Frankräich de Fall ass[2].

Fonctionnement vum Zenter

[änneren | Quelltext änneren]

D'Personal vum Zenter setzt sech aus engem Direkter, engem Adjoint an aus verschiddene Beamten zesummen. Fir seng Aufgaben z'erfëllen, kann e sech vun Experten, Fuerschungsinstituter oder akadeemeschen Institutioune ënnerstëtze loossen.

Am Juni 2019 ass de Luc Marteling als éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch vereedegt ginn[1]. Den 1. Oktober 2024 huet den Alexandre Ecker seng Nofolleg iwwerholl.[3]

Gesetzlech Basis

[änneren | Quelltext änneren]

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf mam Gesetz fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun 2018[4] geschaaft.

Verëffentlechungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, 2020, ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 1
  • D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten, 2021, ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 2
  • Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss, 2021, ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 3
  • Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert, 2022, ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 4
  • Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder, 2023, ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 5
  • Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s, 2024, ISBN 978-2-9199644-6-8, 96 S., Lëtzebuerger Wuertschatz Band 6

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch op gouvernement.lu den 21. Juni 2019
  2. Le Centre pour la langue luxembourgeoise recrute op paperjam.lu den 9. August 2018
  3. "Alexandre Ecker gëtt neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch." rtl.lu, 24.07.2024.
  4. Cf. Artikele 5 - 10 vun der Loi du 20 juillet 2018 portant sur la promotion de la langue luxembourgeoise Mémorial A646 vum 3. August 2018