Yad Vashem
Yad Vashem, offiziell Erënnerungsplaz un d'Märtyrer an d'Helde vum Staat Israel am Holocaust ass dat wichtegst Erënnerungsmonument vun der Vernichtung vun den europäesche Judden duerch den Nationalsozialismus.
Den 29. Juli 1954 gouf de Grondstee geluecht.
Yad Vashem läit um Bierg vun der Erënnerung zu Jerusalem, a gouf duerch eng Decisioun vun der Knesset 1953 opgebaut. All Joer besichen iwwer eng Millioun Leit déi Plaz.
Eenzelheeten iwwer de Yad Vashem-Komplex
[änneren | Quelltext änneren]De Yad Vashem ass e grousse Komplex, mat parkaartegem, beplanzte Gaart, Gedenkstätt, Gebaier mat Dokumenter an Recherchezenter. Am Eenzele sinn z'ernimmen:
- Park a Gaart, mat
- Memorial a Fer forgé (op der Foto)
- Memorial fir d'jiddesch Kanner déi ëmkomm sinn (op der Foto)
- Ausgestallte Véiwaggon an deem d'Judden deportéiert si ginn
- Gedenkplaz un déi, déi de Judden gehollef hunn (Avenue of the Righteous Among the Nations). D'Nimm vun 18.000 Persounen (Net-Judden aus alle Länner), déi de Judden am Krich gehollef hunn sinn do op Plaquetten opgefouert
- Alleeën mat den 2.000 Beem déi vu prominenten Visiteuren geplanzt si ginn an zum Ausdrock brénge sollen, datt trotz Holocaust d'Liewen muss virugoen.
- A Gebaier ënnerbruecht sinn:
- D'Plaz mat den Nimm (Hall of Names)
- Holocaust Historesche Musée
- Holocaust Konschtmusée mat Wierker déi ënner grujelege Konditiounen entstane sinn an och vun Artisten, déi den Holocaust iwwerstanen hunn
- Recherche-Zenter, a.s.v.
Gerecht ënner den Natiounen
[änneren | Quelltext änneren]Zu Yad Vashem ginn och, als "Gerechten ënner den Natiounen", Net-jiddesch Leit geéiert, déi ënner perséinlechem Risiko, an ouni dofir eng Géigeleeschtung verlaangt ze hunn, Judde gerett hunn oder u sou enger Aktioun bedeelegt waren.[1]
Och 3 Lëtzebuerger sinn dodrënner: De fréiere Justizminister a Chamberpresident Victor Bodson huet ënner Liewensgefor eng 100 Judden a Sécherheet bruecht[2],[3]; den Häerz-Jesu Pater Pierre May hat wärend bal 3 Joer e Juddekand zu Louvain verstoppt, an den Alphonse Kauten, hat zesumme mat senger belscher Fra Lucie Smidt e jiddescht Kand bei sech verstoppt.[1]
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- Bella Gutterman; Avner Shalev (Erausg.): Zeugnisse des Holocaust. Gedenken in Yad Vashem. Wallstein Verlag, Göttingen 2006. 326 S.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Bodo Bost: "Zivilcourage in dunkler Zeit." In: Die Warte/Perspectives Nr. 4/2568, Bäilag zum Luxemburger Wort vum 25. Januar 2017, S.62-64.
- ↑ Hoffmann, Serge: Luxemburg - Asyl und Gastfreundschaft in einem kleinen Land,Säit 193; 1996; Bäitrag an Solidarität und Hilfe für Juden wärend der NS-Zeit; Metropol Verlag, Berlin; 283 S. ISBN 3926893435
- ↑ D'Yad Vashem Fiche vum Victor Bodson archivéiert
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Yad Vashem – Biller, Videoen oder Audiodateien |