Op den Inhalt sprangen

Venus (Planéit)

Vu Wikipedia
Venus
D'Venus an den natierleche Faarwen, Foto opgeholl vum Mariner 10
D'Venus an den natierleche Faarwen, Foto opgeholl vum Mariner 10
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs 0.723
Exzentrizitéit 0,0068
Perihel 0,718
Aphel 0,728
Bunnschréi 3,395 Grad
Ëmlafdauer 224,701 d
Oppositiounsintervall 583,92 d
Ëmlafvitess 35,02 km/s
Klengsten Ofstand zur Äerd 0,256 AE
Gréissten Ofstand zur Äerd 1,744 AE
Physikalesch Eegenschaften
Equatorduerchmiesser 12.103,6
 
Polduerchmiesser 12.103,6
Mass 4,869 • 1024
Dicht 5,243
Fluchtvitesse 10,36
Rotatiounsperiod 243 d 27 min
Achseschréi 177,36
Albedo 0,65
Maximal Visuell Hellegkeet −4,6 mag
Drock 92
Temperatur 710 K (+437 °C)
737 K (+464 °C)
770 K (+497 °C)
Kuelendioxid 96,5 %
Stéckstoff 3,5 %
Schwiefeldioxid 0,015 %
Verglach tëscht Venus an d'Äerd

D'Venus (planetaresch Symbol: ♀) ass den Nopeschplanéit vun eiser Äerd a vun der Sonn aus gesinn, nom Merkur den zweete Planéit an eisem Sonnesystem. D'Venus huet, genee wéi de Merkur, kee Mound. Si ëmkreest d'Sonn op enger Distanz vun 0,7 Astronomeschen Eenheeten an ass nëmmen e bëssche méi kleng wéi eis Äerd. Geneesou sinn d'Mëtteldicht an d'Gravitatioun op der Venus bal d'selwecht wéi dé vun der Äerd. Dofir gëtt d'Venus gär als Schwësterplanéit vun der Äerd bezeechent.

D'Venus huet eng duerchschnëttlech Distanz vun 108 Millioune Kilometer zu eiser Sonn an ass mat engem Duerchmiesser vun zirka 12.100 Kilometer den drëttklengste Planéit am Sonnesystem. Si zielt zu de véier Äerdänleche Planéiten, déi och terrestresch oder Gestengsplanéite genannt ginn. D'Venus ass dee Planéit, deen op senger Ëmlafbunn der Äerdbunn mat engem minimalen Ofstand vun 38 Millioune Kilometer am nooste kënnt.

D'Venus brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn a rotéiert an 243 Deeg retrograd ëm hir eegen Achs. Se huet genee wéi d'Äerd eng Atmosphär. Allerdéngs sinn déi physikalesch a cheemesch Eckdate vun der Venusatmosphär ganz verschidde vun deene vun der Äerd. Zum Beispiel ass d'Venusatmosphär sou dicht, datt kee siichtbaart Liicht derduerch geet an et dofir onméiglech ass, e Bléck op d'Uewerfläch ze werfen. D'russesch Venera-Sond ass op der Venus gelant, an huet do e puer Biller vun enger dréchener, stengeger a rouder Uewerfläch gemaach. D'Magellan-Sond huet d'Uewerfläch mat Radarstralen ofgetaascht an och kartéiert. Radarstralen kënnen duerch d'Atmosphär dréngen.

D'Venusuewerfläch ass zimmlech liewensfeindlech. Den héijen Atmosphärendrock erreecht 90 Bar. D'Temperature leien, änlech wéi beim Merkur, bei 470 °C. De ville Kuelendioxid an der Atmosphär suergt fir e kräftegen Zäreneffekt, deen d'Temperaturen esouwäit erop dreift.

Iwwer d'"Geologie" vun der Venus gëtt nach hefteg gestridden. Verschidden Astronome mengen Unzeeche fir aktive Vulkanismus fonnt ze hunn.

Op de Kartéierunge fënnt ee grouss Basengen, déi eisen Ozeane gläichen, awer ouni Waasser. Weider fënnt ee grouss verspreet Bierger a Verwerfungen, wéi se typesch fir ierdesch Plackentektonik sinn. Et ass ee sech allerdéngs eens, datt déi plackentektonesch Aktivitéiten op der Venus scho virun 500-1000 Millioune Joer waren.

Nom Äerdmound ass si den hellsten natierlechen Objet an der Schummerecht an um Nuetsstärenhimmel. Well d'Venus als ee vun den ënneschte Planéite mueres oder owes am beschten ze gesinn ass an ni géint Hallefnuecht, gëtt si och Mueresstär an Owesstär genannt. Si ass och um Daghimmel ze gesinn, deels mat klengen Teleskopen, deels och mat bloussem A.

D'astronomescht Symbol vum Planéit Venus ass eng stiliséiert Representatioun vum Handspigel vun der réimescher Gëttin vun der Léift Venus: .

Himmelsmechanik

[änneren | Quelltext änneren]

Déi grouss Bunnhallefachs vun der Venus huet 108.208.930 km; dat ass den Ofstand tëscht hirem Schwéierpunkt an dem kollektive Schwéierpunkt mat der Sonn, dee wéinst der an dësem Verhältnes klenger Venusmass bal mat dem Sonnenzentrum zesummefält. Déi Distanz entsprécht ongeféier 72,3 % vum mëttleren Äerdbunnradius, also 0,723 Astronomeschen Eenheeten (AE). De sonnenooste Punkt vun der Ëmlafbunn, dem Perihel, läit bei 0,718 AE an hire sonnewäiteste Punkt, dem Aphel, bei 0,728 AE. Doraus resultéiert eng mëttel Bunndistanz vu ronn 41 Mio. Kilometer (Minimum 38,3 Mio. km), soudatt d'Venus an d'Äerd déi zoueneen nächst Nopeschplanéiten am Sonnesystem sinn. D'Venus läit liicht baussenzeg vun der habitabler Zon, an ass fir d'Existenz vu flëssegem Waasser ze vill no bei der Sonn. De Bunnplang vun der Venus ass 3,39471° géint d'Ekliptik vun der Äerd gebéit. D'sideresch Ëmlafperiod – d'Dauer vun engem Venusjoer – mécht 224,701 Deeg aus.

D'Ëmlafbunn vun der Venus huet ënner alle Planéitebunnen déi mannst Exzentrizitéit. D'Exzentrizitéit ass nëmmen 0,0068; dat heescht, datt d'Ofwäichung vun der Planéitebunn no bei enger idealer Kreesbunn ass. D'Venus huet also déi kreesfërmegst Bunn un alle Planéiten. Nach manner Ofwäichunge vun enger Kreesform hunn am Sonnesystem nëmmen d'Ëmlafbunne vu munneche Mounden. Dofir ass d'Schréi vun der Venusbunn géint de Bunneplang vun der Äerd mat ongeféier 3,4° no der Bunnschréi vum Merkur (7,0°) mat am gréissten.

D'Dréirichtunge vun der Rotatioun an dem Venus-Ëmlaf am Zéng-Äerddag-Intervall, vun hirem Nordpol aus gesinn

D'Rotatioun vun der Venus ass am Géigesaz zu der Ëmlafbeweegung vun de Planéiten an de meeschte Mounden an eisem Sonnesystem réckleefeg. Dat heescht, datt d'Venus vun hirem Nordpol aus gesinn am Auerzäresënn rotéiert. Der Definitioun vun der IAU no ass den Nordpol vun engem Planéit dee Pol, deen op der selwechter Säit vun der Ekliptik läit wéi den Nordpol vun der Äerd. Sou geet op der Venus d'Sonn am Westen op an am Osten ënner. D'Schréi vun der Rotatiounsachs gëtt dofir meeschtens net mat 2,64° mä mat 177,36° uginn, sou, wéi wann d'Achs bei ufanks progradem Dréisënn op d'Kopp gekippt gi wier. Ënner de Planéiten am Sonnesystem huet ausser der Venus nëmmen nach den Uranus e retrograde Rotatiounssënn; ënner de bekannten Zwergplanéiten ass dat nëmme beim Pluto de Fall. Duerch déi kleng Schréi vum Venusequator géint de Bunneplang gëtt et um Planéit keng Joreszäiten.

Déi réckleefeg Eegendréiung vun der Venus ass och aussergewéinlech lues: Eng sideresch Rotatiounsperiod (dat heescht, relativ zu de Fixstären) dauert 243,019 Deeg, an domat souguer 8 % méi laang wéi d'Ëmlafperiod. Duerch de réckleefegen Dréisënn dauert déi op d'Sonn bezunne Rotatiounsperiod – also e Venusdag – awer "nëmmen" 116,751 Äerddeeg; am rechtleefege Fall géif d'Verhältnes tëscht der Rotatiouns- an der Ëmlafvitess bal eng gebonne Rotatioun bedeiten, wéi am fäerdege Beispill vun eisem Äerdmound, deen doduerch der Äerd ëmmer déi selwecht Säit zoudréit.

D'Ursaach vum retrograden Dréisënn an der besonnesch niddreger Vitess vun der Venusrotatioun ass net bekannt. No enger Hypothees kéint et d'Resultat vun enger Kollisioun mat engem groussen Asteroid sinn. Déi sideresch Rotatiounsperiod schéngt allerdéngs net ganz willkürlech, well si steet eegenaartegerweis an engem bal exakten 2:3-Verhältnes zu der Bunnperiod vun der Äerd (243,019:365,256 = 2:3,006). Déi synodesch Rotatiounsperiod vun der Venus (dat heescht relativ zu der Äerd) huet an der Moyenne 145,928 Deeg. Méi genee gesot, ass dat déi Period, mat där e Venusmeridian parallel zu der heliozentrescher Längt vun der Äerd läit. Eng direkt Ausriichtung zu der Äerd ass nëmmen zu der ieweschter respektiv ënneschter Konjunktioun ginn, wa sech d'Venus vun der Äerd aus gesinn an enger Linn hanner respektiv virun der Sonn ophält. Well et sech am 2:3-Verhältnes ëm zwéin zueneen entgéintgesaten Dréisënner handelt, gëllt fir déi raimlech Verdeelung vun dëser Periodizitéit net d'Differenz, mä den Total vun de Verhältneszuelen. Dat entsprécht wärend bal genee zwéi Joer nees enger pentagrammaarteger Verdeelung op fënnef gläichméisseg verdeelte Bunnpositioune vun der Äerd (5:1,998). No neieste Miessunge vun der Raumsond Venus Express ass d'Rotatiounsdauer vun der Venus ongeféier 6,5 Minutte méi laang wéi déi gemoosse Wäerter vun der Raumsond Magellan.[1]

Bunnstéierungen a Resonanzen

[änneren | Quelltext änneren]
De Venus-Pentagramm. D'Positiounsverdeelung vun den ënneschte Konjunktioune vun der Venus um Himmel an de Joren 2020 bis 2028.

Zesumme mat der Bunnperiod vun der Äerd vun 365,256 Deeg ergëtt sech als Zäitraum tëscht den zwéi gréisste Rendez-vousen déi hannerenee kommen eng Period vu 583,924 Deeg respektiv 1,599 Joer, déi och als géigesäiteg Bunnstéierungsperiod opgefaasst ka ginn. Vun der Äerd aus gesinn ass dat déi synodesch Ëmlafperiod vun der Venus. D'Ëmlafzäite vu Venus an Äerd sinn zoueneen an der Kommensurabilitéit 8:13 (genee 8:13,004); dat heescht, si stinn an engem Verhältnes, dat op enger kollektiver Mooss berout a sech deementspriechend bal exakt duerch kleng ganz Zuelen ausdrécke léisst. Aus der Differenz vun de béiden Zuelen () kann een an deem Fall vun engem iwwereneestëmmenden Dréisënn ofliesen, datt sech den noosten Ofstand am Idealfall vu genee kreesfërmege Bunnen op jee fënnef verschidde Bunnpunkten exakt gläichméisseg verdeele géifen. Déi raimlech Reiefolleg vun de Bunnpunkten no jee engem Ganzen an dräi Fënneftel vun engem Sonnenëmlaf ergëtt mat geduechte Verbindungslinnen de Venus-Pentagramm. Eventuell ass déi Eegenaart och mat e Grond fir déi kleng Exzentrizitéit vun der Venusbunn. Kommensurabilitéite féieren duerch de Resonanzeffet zu staarke Bunnstéierungen, déi ëmsou extreemer sinn, wat méi genee d'Verhältnes vun den Zuelen erreecht gëtt a wat d'Differenz tëscht hinne méi kleng ass. Dat bekanntst Beispill ass den Afloss vum Jupiter op d'Verdeelung vun den Asteroiden, deen duerch sou Resonanzeffeter bannenzeg der Haaptasteroidenceinture zu Kommensurabilitéitsplazen (Kirkwoodplazen) souwéi och -heefunge féiert. Änlech Auswierkungen hunn och d'Ëmlafbeweegungen ënner de Mounde vum Saturn op d'Struktur vu sengem Ranksystem. All Nopeschplanéiten a regulär Mounde beweege sech a kommensurablen Ëmlafverhältnesser an ënnersträichen domat déi gewësse Reegelméissegkeet vun de Bunnofstänn am Sonnesystem (kuckt och: Titius-Bode-Rei).

De mëttlere Bunnenofstand zu dem Merkur, dem klengste Planéit a bannenzegen Noper vun der Venus, ass ronn 50,3 Mio. km (0,336 Astronomesch Eenheeten). Dat ass nëmmen eppes manner wéi deem seng grouss Bunnenhallefachs (0,387 Astronomesch Eenheeten). Déi mëttel Bunnstéierungsperiod tëscht der Venus an dem Merkur ass 144,565 Deeg. Hir Ëmlafzäiten hunn dat kommensurabelt Verhältnes 5:2 (genee 5:1,957). Am Idealfall géife sech déi noosten Noperschaften also op jee dräi Bunnpunkte gläichméisseg verdeelen, mä d'Ëmlafbunn vum Merkur ass bal sou exzentresch wéi déi vum Zwergplanéit Pluto.

Déi zweejäreg Gesamtperiod vum Zesummespill vun der Venusrotatioun mat der Äerdbeweegung steet mat 729,64 Deeg an engem Verhältnes 4:5 (4:4,998) zu der synodescher Ëmlafperiod vun der Venus. Dat synodescht Venusjoer huet mat 583,924 Deeg véier mëttel synodesch Rotatiounen (1:4,001). Een Observer op der Venus géif – bei gudder Siicht – d'Äerd all 146 Äerddeeg respektiv all 1,25 Venusdeeg op der gläicher Positioun fannen. D'Venus weist der Äerd zum Beispill bei all ieweschter a jiddwer ënneschter Konjunktioun, souwéi, vun der Sonn aus gesinn, bei jiddwer 90°-Stellung (no Osten respektiv no Westen) praktesch ëmmer eng an déi selwecht Säit, – d'Säit vum Null-Meridian. Vun dëser Standplaz aus géif d'Äerd all 146 Deeg ofwiesselnd zu der Mëttegzäit, géint Sonnenënnergank, ëm Hallefnuecht a géint Sonnenopgank hiren Héchststand hunn. Dat markant Beispill vun der Äerdausriichtung vun der Hemisphär vum Null-Meridian bezitt sech of déi gläich raimlech Äerdpositioune wéi déi eenzeg Folleg vun den ënneschte Konjunktiounen, nëmme mat der séierer Period qan an der ëmgekéierter Reiefolleg vum Pentagramm-Muster. Déi kleng Ofwäichung vun der Venusrotatioun bedeit nëmmen eng systematesch Verrécklung ëm jee gutt en hallwe Längegrad a Richtung Osten.

Wärend aacht Ëmlafperiode vun der Äerd respektiv dräizéng Ëmlafperiode vun der Venus mat fënnef Konjunktiounsperioden zoueneen, rotéiert d'Venus, bal op den Dag genee, zwielefmol relativ zu de Stären, zwanzegmol relativ zu der Äerd a fënnefanzwanzegmol relativ zu der Sonn. Et gëtt ugeholl, datt et sech am Ganzen ëm e Resonanz-Phenomeen handelt.

Verglach vun den Ofstänn Äerd, Venus a Merkur zu der Sonn:
Ofstänn vu (v.l.n.r.) Sonn, Merkur, Venus an Äerd mat de Beräicher vun hiren Ëmlafbunnen. D'Distanzen an den Duerchmiesser vun der Sonn sinn heibäi moossstabgetrei, den Duerchmiesser vun de Planéiten ass staark vergréissert.

Mat hirer Gréisst an hirem allgemengen Opbau gläicht d'Venus eiser Äerd besonnesch. Sou huet si mat 12.103,6 Kilometer bal de selwechten Duerchmiesser wéi d'Aerd an huet och eng bal gläich grouss mëttel Dicht. Dacks ginn déi béid als "Planéiteschwësteren" oder och als "Zwillinge" bezeechent. - Sou staark si sech an der Mass an an der cheemescher Zesummesetzung ähnelen, sou ënnerscheede si sech awer bei den Uewerflächen a bei den Atmosphären.

Zesummesetzung vun der Atmosphär
Drock- an Temperaturverlaf

D'Atmosphär vun der Venus besteet haaptsächlech aus Kuelendioxid. De Stéckstoff mécht 3,5 % aus, de Schwiefeldioxid (150 ppm), Argon (70 ppm) a Waasser (20 ppm) kommen a Spuere vir. Déi absolut Unheefung vu Stéckstoff entsprécht opgrond vun der grousser ganzer Mass vun der Atmosphär ongeféier dem Fënneffachen an der Äerdatmosphär. D'Mass vun der Venusatmosphär ass ronn dat 90-facht vum Äerdloftmantel a bewierkt um mëttlere Buedemniveau en Drock vun 92 bar. Dat kënnt dem Drock an 910 m Mieresdéift gläich. D'Dicht vun der Atmosphär ass op der Uewerfläch am Mëttel ongeféier 50-mol sou héich wéi op der Äerd.

D'Haaptmass vun der Atmosphär mat ronn 90 Prozent reecht vun der Uewerfläch bis an eng Héicht vun 28 Kilometer. D'Mass vun dësem Gasozean ass ongeféier een Drëttel vun der Mass vum ierdesche Weltmier. Dëser dichter Donschtschicht wäit ënner de Wollekendecken si méiglecherweis och déi vu verschiddene Sonden registréiert elektromagnéitesch Impulsen zouzeschreiwen, déi fir heefeg Blëtzentluedunge spriechen. Bannent de Wolleken hätte vu Wiederen opliichtend Blëtzer bei Nuecht opfale missen, awer op der Nuechtsäit vun der Venus konnte keng Liichterscheinungen observéiert ginn. Iwwer de Wolleke reeche baussenzeg Donschtschichte bis an eng Héicht vu ronn 90 Kilometer. Ronn 10 km méi héich ent d'Troposphär. An der driwwerleiender, ongeféier 40 km décker, Mesosphär erreecht d'Temperatur Déifstwäerter vu ronn −100 °C. An der Thermosphär, klëmmt d'Temperatur wéinst der Absorptioun vun der Sonnestralung. Minusgrade sinn am Ganzen nëmmen um Grond vun der Thermosphär bis erof an déi iewescht Wolleken. D'Exosphär als baussenzeg Atmosphäreschicht streckt sech an enger Héicht vu ronn 220 bis 250 Kilometer.

Déi strukturfräi Venussichel, opgeholl vun der Pioneer Venus 1

D'Atmosphär vun der Venus ass vu bausse vëlleg onduerchsiichteg. Dat läit awer net sou vill un der Mass respektiv der héijer Dicht vun der Gasëmmantelung, mä haaptsächlech un enger stänneg zouener Wollekendecken. Dës ass mat hirer ënneschter Säit an enger Héicht vu ronn 50 km an ass ronn 20 km déck. Hiren Haaptbestanddeel sinn zu ronn 75 Massprozent Drëpsen aus Schwiefelsaier. Donieft gëtt et och chlor- a phosphorhalteg Aerosolen. An der ënneschter vun am Ganzen dräi Wollekeschichte gëtt et méiglecherweis och Zousäz vun elementarem Schwiefel. Gréisser Drëpse vun der Schwiefelsaier reenen of, awer n¨wmme bis onwäit vun der ënneschter Säit vun der Wollekendecken, wou si opgrond vun den héijen Temperature verdämpen a sech uschléissend a Schwiefeldioxid, Waasserdamp a Sauerstoff zersetzen. Nodeem dës Gase bis an déi iewescht Wollekeberäicher opsteigen, reagéieren a kondenséiere si do nees zu Schwiefelsaier. De Schwiefel gouf am Ufank duerch Vulkane a Form vu Schwiefeldioxid ausgestouss.

Déi sphäresch Albedo vun der cremegieler a meeschtens strukturfräier Wollekenuewerfläch ass 0,75; dat heescht, si street 75 % d'Liicht vun der Sonn praktesch parallel zeréck. D'Äerd reflektéiert dogéint am Mëttel nëmmen 30,6 % zeréck. Déi vun der Venus net reflektéiert Stralung gëtt zu ronn zwee Drëttel vun der Wollekendecken absorbéiert. Dës Energie dreift déi iewescht equatorial Wollekeschichten zu enger Vitess vu ronn 100 m/s respektiv 360 km/h, mat där si sech ëmmer a Rotatiounsrichtung vun der Venus an nëmme véier Deeg eemol ëm de Planéit beweegen. D'Héichatmosphär rotéiert sou ronn 60-mol sou séier wéi d'Venus selwer. Dëst Ausgesinn gëtt "Superrotatioun" genannt. De Grond dofir, firwat d'Auswierkungen grad sou an net anescht oflafen, ass – op d'mannst am Fall vun der Venus – nach net befriddegend gekläert. De Phenomeen vun der Venusatmosphär ginn am Ament mat der Raumsond Venus Express detailléiert erfuerscht. Déi eenzeg aner Beispiller fir so eng séier Atmosphärenzirkulatioun sinn am Sonnesystem d'Stralstréim an der héijerer Atmosphär vun der Äerd an d'Wollekenuewergrenz vum Saturnmound Titan, deem seng Stéckstoff-Atmosphär um Buedem ëmmerhin den annerhalleffachen Drock vun der ierdescher Loftëmmantelung huet. Eng Superrotatioun gëtt et also nëmme bei den dräi feste Weltkierper vum Sonnesystem, déi eng dicht Atmosphär hunn.

Am Oktober 2011 hat d'ESA bekannt ginn, datt d'Raumsond Venus Express an enger Héicht vu ronn 100 Kilometer iwwer der Venus-Uewerfläch eng relativ dënn Ozonschicht entdeckt hat.[2]

Eng Foto vun der Venus, opgeholl vum Orbiter Pioneer-Venus 1 am ultraviolette Liicht (Falschfaarwen) weist däitlech Y-fërmeg Wollekestrukturen.

Bal déi ganz Gasëmmantelung vun der Venus formt grouss Konvektiouns- respektiv Hadley-Zellen. Déi an der am intensivste bestraalten Equatorzon opklammende Gasmasse stréimen an d'Polargebidder a falen do a méi déif Lagen, an deene si zum Equator zeréckfléissen. Déi am ultravioletten Liicht siichtbare Strukture vun der Wollekendecken hunn dofir d'Form vun engem a Richtung vun der Rotatioun leienden Y. Déi éischt vum Venus Express geliwwerte Fotoen hate gewisen – besonnesch däitlich am infraroudem– ee sech dementspriechend iwwer de gréissten Deel vun der observéierter Südhemisphär ausbreedend Wollekenwierbele mat Zentrum iwwer dem Pol. Méi genee Observatioune vum Südwierbel hate säin Zentrum als Duebelwierbel siichtbar gemaach. Biller vun der Sond vum September 2010 weisen amplaz vum mysteriösen Duebelwierbel en eenzelen eegenaartege Strudel.

A Buedemhéicht goufe bis elo nëmme kleng Wandvitessen vun 0,5 bis 2 m/s gemooss. Duerch déi héich Gasdicht entsprécht dat op der Äerd ëmmerhin der Wandstäerkt 4, dat heescht, et kënnt enger schwaacher Bris gläich, déi Stëbs beweege kann. Vun deem op d'Venus afalende Sonneliicht erreechen nëmme zwéi Prozent d'Uewerfläch an erginn eng Beliichtungsstäerkt vu ronn 5000 Lux. D'Siichtwäit do ass wéi op engem dréiwen Nomëttag ronn dräi Kilometer.

Déi net vun de Wolleke reflektéiert oder absorbéiert Stralung gëtt haaptsächlech vun der ënneschter, dichter Atmosphär absorbéiert an an thermesch Stralung vum Infraroutberäich ëmgewandelt. An dësem Wellelängteberäich ass d'Absorptiounsverméige vum Kuelendioxid ganz grouss an d'Wäermestralung gëtt sou gutt wéi vollstänneg vun der ënneschter Atmosphäreschicht opgeholl. De staarken Zäreneffekt ass haaptsächlech duerch d'Mass vu Kuelendioxid bedéngt, awer och déi wéineg Spuere vu Waasserdamp a Schwiefeldioxid hunn dorun e wiesentlechen Undeel. Hie suergt um Buedem fir eng mëttel Temperatur vu 464 °C. Dat läit ganz wäit iwwer der ouni Zäreneffekt berecheneter Gläichgewiichtstemperatur vun −41 °C (232 K) an och wäit iwwer de Schmëlztemperature vun Zënn (232 °C) a Bläi (327 °C) – an iwwertrëfft souguer d'Héchsttemperatur um Merkur (427 °C). D'Erwiermung vun der Uewerfläch ass doduerch sou gläichméisseg, datt d'Temperaturënnerscheeder trotz der lueser Rotatioun vun der Venus souwuel tëscht der Dag- an der Nuechtsäit wéi och tëscht der Equatorregioun an de Polgebidder ganz kleng sinn. E Minimum vu ronn 440 °C gëtt a Buedemgéigend ni ënnerschridden. Ausgeholl sinn nëmmen héich Biergregiounen, sou sinn um héchste Punkt 380 °C an en Drock vu 45000 hPa. D'Maxima ass op den déifste Plazen 493 °C an 119000 hPa. Ouni d'Wollekendecke mat hiren héijen Reflexiounsverméige wier et op der Venus nach méi waarm.

Spekulatioun iwwer Liewen an der Atmosphär

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt eng Spekulatioun, datt et an der Venusatmosphär Liewe kéint ginn. Dat kéint ënner anerem d'Feele vu bestëmmte Gasen erklären. Doriwwer eraus hat Pioneer-Venus-Andauchkapsel an de Wolleken Partikelen a Bakteriegréisst fonnt.

Béid Säite vun der Venus
Béid Säite vun der Venus

Déi 180°- (lénks) an 0°-Hemisphär.
Radarkaart opgeholl vun der Raumsond Magellan.

D'Kategoriennimm vun der IAU-Nomenklatur
Eenzel
(Méizuel)
Kuerzbeschreiwung Reegel fir d'Individualnimm
Chasma
(Chasmata)
stäilwandeg
begrenzent Dall
Juegdgëttinnen
Collis
(Colles)
Hiwwel Mieresgëttinnen
Corona
(Coronae)
Abrochkrater Gëttinne vun der
Fruchtbarkeet
Dorsum
(Dorsa)
Héichteréck Himmel- a
Liichtgëttinnen
Farrum
(Farra)
vulkanesch
Quellkopp
Waassergëttinnen an Nymphen
Fluctus
(Fluctus)
Lavastroumfeld Äerdgëttinnen
Fossa
(Fossae)
laangt, schmuelt
a flaacht Dall
Krichsgëttinnen a Walküren
Krater Aschlagkrater bedeitend Fraen (Krater > 20 km)
weiblech Virnimm (Krater < 20 km)
Linea
(Lineae)
lineare
Uewerflächeform
Krichsgëttinnen an Amazonen
Mons
(Montes)
Bierg
(Bierger)
Gëttinnen
Patera
(Paterae)
onreegelméissege, flaache Vulkankrater Berüümt Fraen aus der Geschicht
Planitia
(Planitiae)
Déiffläch mat Mareausgesinn Mythologesch Heldinnen
Planum
(Plana)
Plateau Léift-
a Krichgëttin
Regio
(Regiones)
Héichlag mat Kontinentalcharakter Titaninnen
Rupes
(Rupes)
Bëschung,
Stäilwand
Heem- an
Uewegëttinnen
Terra
(Terrae)
grouss
Héichlandmass
Venus an
anere Sproochen
Tessera
(Tesserae)
Héichlag
mat Parkettstruktur
Schicksalsgëttinnen
Tholus
(Tholi)
vulkanesch Kuppel Gëttinnen
Unda
(Undae)
wellege
Uewerflächeform
Wüstngëttinnen
Vallis
(Valles)
Dall Flossgëttinnen

De Buedem vun der Venus gloust stänneg donkelrout (kaum siichtbar fir Mënschen). Duerch déi héich Temperature gëtt et kee Waasser. De Relief huet haaptsächlech gewellte Flächen. Mat liichte Niveausënnerscheeder vu manner wéi dausend Meter entsprieche si dem globalen Duerchschnëttsniveau a bilden, relativ änlech dem Mieresspigel vun der Äerd, fir all Héichtendaten e praktesche Bezuchsniveau. Dësen Nullniveau vun der Venus entsprécht engem Kugelradius vu 6.051,84 Kilometer. D'Flächen huelen iwwer 60 % vun der Uewerfläch an. Eppes manner wéi 20 % si bis zu 2 km déif Däller. Déi aner 20 % sinn Hiwwelen a Bierger, awer nëmme ronn 8 % falen op ausgesprachen Héichlänner, déi sech méi wéi 1,5 km iwwer den Nullniveau eraushiewen. Den hypsographesche Bou vun der Héichteverdeelung op der Venus weist also keen zweeten Haaptniveau wéi am Fall vun der Äerd, wou eng ëmfangräich iewescht Kuuscht a Form vun de Kontinenter nieft den Ozeanbiedem ronn en Drëttel vun der Uewerfläch vun der Äerdkuuscht formt. Den Héichtenënnerscheed tëscht dem niddregsten an dem héchste Punkt vun der Venusuewerfläch ass ongeféier 12.200 Meter; dat si ronn zwéin Drëttel vum maximalen Héichtenënnerscheed vun der Äerdkuuscht mat ongeféier 19.880 Meter. D'Héichtendaten am Eenzele si fir d'Venus dacks ganz ënnerschiddlech.

All Formatiounen op der Venus hu geméiss enger Konventioun vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) weiblech Nimm, mat Ausnam vun Alpha Regio a Beta Regio – déi 1963 vun der Äerd aus fir d'éischt entdeckt Strukturen – an de Maxwell Montes. Si krute fir déi héchst Bierger vum Planéit hiren Numm zu Éiere vum James Clerk Maxwell, dee mat sengen Equatioune vun elektromagnéitesche Wellen ënner anerem och eng Grondlag fir d'Radarfuerschung vun der Venusuewerfläch geschaf hat.

Aktuell Duerstellunge vum Relief baséieren haaptsächlech op de Radarmiessunge vum Venus-Orbiter Magellan vun der NASA, deen 98 % vun der Uewerfläch kartéiert hat, mat enger horizontaler Opléisung vun 120 bis 300 Meter an enger vertikaler Opléisung vun 30 Meter. Geleeëntlech ass awer och nach déi manner opgeléist global Kaart vu Pioneer-Venus 1 am Gebrauch.

Héichlänner

[änneren | Quelltext änneren]

D'Héichte verdeele sech haaptsächlech op zwou gréisser Formatiounen. Déi ëmfangräichst vu béiden, Aphrodite Terra, ass ongeféier sou grouss wéi Südamerika an huet d'Form vun engem Skorpioun a streckt sech laanscht een Drëttel vum Equator. Am westlechen Deel steet de Plateau Ovda Regio, am nërdlechen Zentrum ass den Thetis Regio an am Osten läit den Atla Regio. D'Land vun der Aphrodite besteet aus vu bannen opgewëlbten Terrain, deen a senger ëstlecher Hallschent – dem Schwanz vun der Skorpiounsform – vu grousse Griëf ënnergliddert ginn a mat grousse Vulkane besat sinn. D'Héichlandformatioun ass Bestanddeel vun der equatorialen Héichlandceinture, déi sech mat eenzele gréisseren Inselen bis ongeféier op 45° nërdlecher a südlecher Breet ausdeent.

Ee grousst Stéck nordwestlech vun Aphrodite, tëscht dem 45. an dem 80. Breedegrad, läit Ishtar Terra. D'Ishtar-Land erënnert un en ierdesche Kontinent. Et ass zwar nëmmen ongeféier sou grouss wéi Australien, mä op him sinn ënner anerem d'Maxwell-Bierger, mat Héichte vu bis ongeféier 10.800 Meter. De Mount Everest op der Äerd steet awer mat senger Héicht vun 8.848 Meter iwwer dem Mieresspigel net hanner de Maxwell-Bierger zeréck, well, wann een d'Gréisst vum Himalaya op analog Weis un dem mëttlere Kuuschteniveau vun der Äerd méisst, huet den héchte Bierg op der Äerd eng Héicht vu ronn 11.280 Meter.

An de Maxwell-Bierger läit den Aschlagkrater Cleopatra, mat engem Duerchmiesser vun 104 km déi aachtgréisst Impaktstruktur op der Venus. Seng Natur als Aschlagskrater konnt eréischt duerch héichopléisent Radarvermiessunge geklärt ginn, well ufanks den Objet duerch seng Lag éischter als Vulkankrater agestuuft gouf.

De Kär vun Ishtar formt op sengem Westdeel deen op der Venus eenzegaarteg, relativ flaachen Héichplateau Lakshmi Planum mat den zwee grousse vulkanesche Becke Colette Patera an Sacajawea Patera. Den Héichplateau läit ongeféier véier Kilometer iwwer dem Duerchschnëttsniveau a gëtt vun den héchste Kettebierger vum Planéit begrenzt. Am Süde vun den Danu Montes, am Weste vun den héijeren Akna Montes, am Nordweste vun de mat 6,5 km nach héijere Freyja Montes a wäit am Oste vun de Maxwell Montes. Dës Bierger ähnelen ierdeschen, ëmfaassende Bierger wéi d'Anden oder dem Himalaya. D'Entwécklung vun de Venusbierger ass nach e Rätsel, well eng Plackentektonik wéi op der Äerd ass fir d'Venuskuuscht net nozeweisen. Diskutéiert ginn eng tektonesch Kompressioun vun der Kuuscht an als Alternativ eng besonnesch grouss vulkanesch Opwëlbung direkt ënner der Ishtar Terra. Op kengem weidere Kierper vum Sonnesystem gëtt et deraarteg Biergzich.

Op ville Biergzich goufe radarhell "Schnéikappen" festgestallt, déi méiglecherweis aus enger dënner Nidderschlagschicht vun de Schwéiermetallsalzen Bläisulfid a Bismutsulfid bestinn.

D'Alpha Regio
Éischt topographesch Weltkaart vun der Venus opgeholl vun der Pioneer-Venus 1 a Mercator-Projektioun. Mat enger Bildopléisung vun ongeféier 100 km grousse Strukturen. Opfälleg Uewerflächenformatiounen sinn beschrëft. (Lénk: Kaarteversioun mat Héichtendonnéeën)

D'Héichlage vun der Tesserae (nom griich. tessera: "Kachel" oder „Mosaik“) gehéieren zu de Sonderforme vum Venusrelief. Si bestinn aus parkettmusteraarteg gebrachene Blëck mat all Kéier bis iwwer 20 Kilometer Breet, déi héchstwarscheinlech duerch tektonesch Spannungen deforméiert goufen. Si sinn gepräegt duerch parallel, linear Verwerfungen, déi sech op d'mannst an zwou Grondrichtunge bal rechtwénkleg schneiden an domat un e Kachelmuster erënneren. Dës vereenzelt och "Wierfellänner" genannt Héichlage bedecke grouss Deeler am Westen an am Norde vun Aphrodite souwéi och am Norden a virun allem am Oste vun Ishtar. Den Ostdeel vun Ishtar mat dem Numm Fortuna Tessera ass en hiwwelege Plateau mat enger Héicht vu bis zu 2,5 km iwwer dem Nullniveau.

En ettlech Tesserae strecke sech als Inselen aus den Déiflänner erop, wéi déi dräi gréisser Eenheeten Alpha Regio, mat engem Duerchmiesser vu ronn 1300 km, souwéi den Phoebe Regio an den Tellus Tessera, déi all zu der equatorialer Héichlandceinture zielen.

Dicht um westleche Südrand vun der Alpha-Regioun (kuckt d'Bild) läit d'Eve Corona. Si huet am Duerchmiesser eng ongeféier 330 km grouss Struktur a gouf ufanks fir en Aschlagkrater gehalen. Hiren hellen zentrale Fleck déngt als Bezuchspunkt fir d'Festleeung vum Null-Meridian.

Aschlagkrateren

[änneren | Quelltext änneren]
Déi néng gréisst Krater op der Venus
Numm Duerchmiesser
(km)
Koordinaten
Breet (°);  Längt (°)
Mead 270 12,5 N;  057,2 O
Isabella 175 29,8 S;  204,2 O
Meitner 149 55,6 S;  321,6 O
Klenova 141 78,1 N;  104,5 O
Baker 109 62,5 N;  040,3 O
Stanton 107 23,3 S;  199,3 O
Cleopatra 105 65,8 N;  007,1 O
Rosa Bonheur 104 09,7 N;  288,8 O
Cochran 100 51,9 N;  143,4 O

Op der Venus gëtt et 963 Aschlagkrater. Dat sinn der op d'mannst duebel sou vill wéi op der Landfläch vun der Äerd (kuckt och: Lëscht vun den Aschlagkrater op der Äerd). D'Duerchmiessere vun de Venuskrater leien am Gréissteberäich tëscht engem an 300 Kilometer. An dëser Gréisst gëtt et dogéint eleng op der véieranzwanzegmol méi klenger viischter Säit vum Äerdmound, trotz de grousse glate Marebecken, ronn honnertmol sou vill Moundkrateren. Well de Mound keng Atmosphär huet, a seng Uewerfläch dofir kenger entspriechender Erosioun ausgesat ass, gëlle seng och mat nach vill méi klengen Aschlagstrukture praktesch vollstänneg besaten an nach ganz erhalenen Héichlänner op der Grondlag vun der cheemescher Altersbestëmmung vum Moundgestengs als de klassesche Vergläichsmoossstaf fir d'Altersofschätzung vun anere Planéiten- a Mounduewerflächen. Wann d'Kraterheefegkeet um Äerdmound deene vun der Venus entsprieche géif, dann hätt hien nëmme ronn 80 Krateren.

D'Venuskratere sinn fir hir kleng Zuel bemierkenswäert gläichméisseg iwwer d'Uewerfläch verdeelt. Well nëmme gréisser Meteoroide déi dicht Atmosphär duerchdréngen a sou Aschlagstrukture forme kënnen, gëtt et keng Kraterduerchmiesser ënner 2 km. Méi kleng Kratere sinn dacks vun engem radardonkelen, also glaten, Terrain ëmginn, dee warscheinlech op d'Drockwell vum Aschlag zeréckzeféieren ass. A verschiddene vun dëse kreesfërmege Flächen ass awer keen Zentralkrater z'erkennen.

De Krater Mead ass mat engem Duerchmiesser vun 270 km de gréissten Aschlagkrater vun der Venus.
Computergeneréiert schréi Siicht op déi dräi Krater Saskia (vir), Danilova (lénks) an Aglaonice (riets)

Dee mat Ofstand gréisste Venuskrater Mead huet en Duerchmiesser vu ronn 270 Kilometer. Him follegen an dem Gréissteberäich vun iwwer 100 Kilometer siwe weider Exemplare. Et feele Krater mat gréissere Moosse wéi um Äerdmound, dem Mars an och um Merkur, wou si an de jeeweilege markanteste Fäll souguer Duerchmiesser bis wäit iwwer 1000 respektiv 2000 km erreechen. Dat kann zum Deel och op déi opreiwend Wierkung vun der besonnesch héijer Atmosphärendicht zeréckgefouert ginn, déi si fir aschloend Klengkierper huet; anerersäits gëtt et d'Usiicht, datt déi haiteg Venuskuuscht e relativ jonk ass, soudatt et keng Spuere vum sougenannte leschte grousse Bombardement, aus der Fréizäit vum Planéitesystem, gëtt. De Relief vun allen Aschlagkrateren op der Venus ass opfälleg flaach.

Ongeféier 85 Prozent vun der Venusuewerfläch bestinn aus däitleche Spuere vun enger flächendeckender Magmafërderung. Déi meescht Krater sinn dovun awer net benodeelegt ginn, si sinn deemno eréischt spéider entstanen. Dat huet wéinst hirer gläichméisseger Verdeelung am Verglach mat der Äerdmounduewerfläch zu dem Schluss gefouert, datt déi aktuell Uewerfläch vun der Venus eréischt ronn 500 bis 800 Millioune Joer al ass an aus relativ séiere Lavawellen entstanen ass, déi den ale Relief mat enger ee bis dräi Kilometer décker Magmaschicht iwwerdeckt hunn.

En zweete Léisungsusaz nieft der Katastrophentheorie geet dovun aus, datt déi vulkanesch Tätegkeeten d'Uewerfläch bis viru 750 Millioune Joer stänneg erneiert an eréischt zanterhier staark nogelooss hunn, soudatt sech d'Aschlagkrater och eréischt zanter dëser Zäit usammele konnten.

Portal Astronomie

Commons: Venus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Stefan Deiters: VENUS EXPRESS, Die Venus rotiert langsamer, in astronews.com, Datum: 10. Februar 2012, Abgerufen: 13. Februar 2012
  2. Focus: Auch die Venus besitzt eine Ozonschicht