Op den Inhalt sprangen

Rozel Le Gallais

Vu Wikipedia
Rozel Le Gallais
Gebuertsnumm Cunégonde Edmonde Le Gallais
Gebuer 16. Mee 1903
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Juni 1988
Konz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Tennisspiller, Moler, Autospilot
Famill
Papp Norbert Le Gallais
Geschwëster Hugues Le Gallais

D'Rozel (oder Rozelle) Le Gallais, gebuer als Cunégonde Edmonde Le Gallais[1] de 16. Mee 1903 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. Juni 1988 zu Konz[2], war eng lëtzebuergesch Tennisspillerin an Olympionickin.[3]

Sport[4][änneren | Quelltext änneren]

D'Rozel Le Gallais huet 1920 an England ugefaangen Tennis ze spillen, wärend der Zäit wéi se do war fir Englesch ze léieren. An der Géigend vum Internat an deem se gewunnt huet waren Tennisfelder a si ass do Member am Botanic Gardens Club ginn. Si gouf vum ? Worthington, engem Pionéier vum Tennissport, trainéiert an huet dräi- bis véiermol an der Woch en Training gemaach. Si huet och reegelméisseg bei Turnéiere matgemaach.

1924 koum d'Rozel hannescht op Lëtzebuerg an huet fir d'Olympesche Summerspiller am selwechte Joer zu Paräis trainéiert. Si war fir den Dubbel-Mixte mam Camille Wolff ageschriwwen; béid Spiller ware Memberen am TC Arquebusiers. De Camille deen och am Eenzel ageschriwwe war, hat sech bei engem Match an der éischter Ronn, géint den Italieener Umberto Luigi De Morpugo, blesséiert a konnt net méi spillen. D'Koppel Le Gallais-Wolff huet du misse Forfait umellen. Eng aner Versioun seet, datt de Wolff och am Dubbel-Mixte verluer hat, well seng Partnerin, d'Rozel Le Gallais, net opgedaucht wär. Si hätt schonn am Virfeld wéinst Typhus Forfait erkläert.

No den olympesche Spiller huet d'Rozel Le Gallais zesumme mam Camille Wolff weiderhi bei Turnéieren a Frankräich matgemaach. Zu Cannes koum d'Koppel eemol bis an d'Halleffinall.

Nodeems si mam Tennis opgehalen hat, ass si als Autospilotin op Rallyë matgefuer.

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Sport huet d'Rozel Le Gallais gemoolt an hat ë. a. am Januar 1974 eng Billerausstellung an der Galerie Marie-Thérèse an der Stad Lëtzebuerg[5][6].

Privates[änneren | Quelltext änneren]

D'Rozel war dat jéngst vu véier Kanner vun der Koppel Norbert Le Gallais – Juliette Metz. Hiren eelste Brudder war den Diplomat Hugues Le Gallais.

Si gouf de 7. Juni 1932 zu London mam Edmond Reverchon (1893–1967), dem Besëtzer vun engem Wäindomän zu Filzen op der Saar, bestuet; d'Koppel hat ee Kand, den Eddie Reverchon[7].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Descendance de François Julien Vannerus (VIII 1). Ons Hémecht, 41. Jg., nº Heft 1, p. 62. (01.03.1935). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  2. Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 186
  3. D'Rozel Le Gallais op der Websäit vun der 'AssociationLuxembourgeoise des Olympiens'
  4. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 60-61. ISBN 978-2-9599734-5-1
  5. Bulletin de documentation - Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg, Janvier-Février-Mars 1974, Säit 41
  6. (fr)Exposition à la Galerie Marie-Thérèse. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 19. p. 4. (23.01.1974). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  7. D'Rozel Le Gallais am Stammbam vun der Famill Boch Archivéiert de(n) 2012-10-11. Gekuckt de(n) 2011-06-26.