Provënz Lëtzebuerg
Provënz Lëtzebuerg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit |
Franséisch Communautéit vun der Belsch |
Chef-lieu | Arel |
ISO 3166-2 | BE-WLX |
Awunner | 246.820 (1. Januar 2018) |
Fläch | 4.439,72 km² |
Arrondissementer |
Arel Baaschtnech Marche-en-Famenne Neufchâteau Virton |
Websäit | https://www.province.luxembourg.be |
D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den haitege Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi belsch Provënz Lëtzebuerg hunn tëscht 1815 an 1839 eng Eenheet gebilt, an zwar de Grand-Duché, sou wéi e vum Wiener Kongress geschaf gi war. Nodeem awer d'Belsch sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden onofhängeg gemaach hat, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmuechten hunn do ënner anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: Dee westlechen, francophonen Deel sollt belsch ginn an nëmmen deen ëstleche, germanophone géif dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo Groussherzog vu Lëtzebuerg war (a Personalunioun). Dobäi ass allerdéngs d'Grenz e bëssen zu Gonschte vun der Belsch gezu ginn, sou datt d'Regioun vun Arel, d'Areler Land, derbäi koum, obschonns se deemools nach ganz däitschsproocheg war (oder, wat dat selwecht heescht, lëtzebuergeschsproocheg). Definitiv gouf d'Deelung dunn den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London festgehalen.
Gouverneure vun der Provënz Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1830 - 1836: Jean-Baptiste Thorn
- 1836 - 1841: Victorin de Steenhault
- 1841 - 1842: Joseph de Riquet de Caraman et de Chimay
- 1843 - 1857: Jean Baptiste Smits
- 1862 - 1884: Charles Vandamme
- 1884 - 1891: Paul de Gerlache
- 1891 - 1901: Édouard Orban de Xivry
- 1902 - 1932: Emmanuel de Briey
- 1932 - 1940: Fernand Van den Corput
- 1940 - 1944: René Greindl
- 1944 - 1945: Fernand Van den Corput
- 1946 - 1953: Pierre Clerdent
- 1961 - 1965: Désiré Lamalle
- 1965 - 1976: Maurice Brasseur
- 1976 - 1996: Jacques Planchard
- 1996 - 2016: Bernard Caprasse
- 2016 - haut: Olivier Schmitz
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 44 Gemengen agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d'Baraque de Fraiture.
Komplett Lescht vun de Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]
1. Arel |
12. Étalle |
23. Libramont-Chevigny |
34. Rouvroy |
Demographesches
[änneren | Quelltext änneren]Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner
- Arel: 24.791
- Marche: 16.390
- Éibeng: 14.663
- Baaschtnech: 13.391
- Virton: 11.009
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]-
De Fändel
-
De kinnekleche Palais vun der Provënz mat de Fändele vun Europa, der Belsch, Wallounien an der Provënz
-
De Wopen
Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]Arrondissement Arel
[änneren | Quelltext änneren]Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².
Arrondissement Baaschtnech
[änneren | Quelltext änneren]Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².
Arrondissement Marche-en-Famenne
[änneren | Quelltext änneren]Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².
Arrondissement Neufchâteau
[änneren | Quelltext änneren]Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².
- Bertrix
- Bouillon
- Daverdisse
- Herbeumont
- Léglise
- Libin
- Libramont-Chevigny
- Neufchâteau
- Paliseul
- Saint-Hubert (Belsch)
- Tellin
- Wellin
Arrondissement Virton
[änneren | Quelltext änneren]Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |