Op den Inhalt sprangen

Paul Bertemes

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paul Bertemes
Gebuer 2. Dezember 1953
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Oktober 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Iwwersetzer, Journalist, Galerist
Famill
Papp Roger Bertemes
Geschwëster François Bertemes

De Paul Bertemes, gebuer den 2. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 13. Oktober 2024[2], war e lëtzebuergesche Journalist, Galerist a Curateur.

De Paul Bertemes war de Bouf vum Moler Roger, an de Brudder vum Archeolog François Bertemes. Hien huet 1983 op der Uni zu Saarbrécke mat enger Dissertatioun iwwer d'Relatioun tëscht dem Illustratiounszyklus an dem Text am Rolandslied promouvéiert.

Hien war Journalist am Beräich Konscht a Kultur an Däitschland an zu Lëtzebuerg an en huet ënner anerem fir D'Lëtzebuerger Land geschriwwen, Schrëften iwwer d'visuell Konscht publizéiert (Ausstellungskatalogen, asw.) an och beim Radio 100komma7 matgeschafft[3].

2004 huet hie mam Jean Colling MediArt gegrënnt, eng Agence fir d'Fërdere vun der Kultur, an där hien ë. a. als Curateur geschafft huet.

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Bertemes, Paul. Bild- und Textstruktur  : eine Analyse der Beziehungen von Illustrationszyklus und Text im Rolandslied des Pfaffen Konrad in der Handschrift P̲. Frankfurt/Main: R.G. Fischer, 1984. Print.
  • Bertemes, Paul. Sechzehn Seiten für diti  : Drei-Satz für diti. Luxembourg: R. Mehlen, 1996. Print.
  • Bertemes, Paul. Fir de Jeannot Bewing. N.p., 2005. Print.
  • Bertemes, Paul. Roger Bertemes. Luxembourg: mediArt, 2005. Print.
  • Bertemes, Paul, Dexia Banque internationale  organisme de publication institution hôte, et Dexia Banque internationale  organisme de publication institution hôte. Gust Graas  : fréquences modulées. Luxembourg: Dexia-BIL, 2007. Print.
  • Bertemes, Paul. L’ homme, un paysage  : Roger Bertemes, Jeannot Bewing, August Clüsserath, Robert Brandy, Liliane Heidelberger, Andrea Neumann, Raymond Weiland. Differdange: Ville de Differdange, 2010. Print.
  • Bertemes, Paul et al. La « Nei Bréck » - un chantier hors du commun. Luxembourg: Administration des Ponts et Chaussées, 2018. Print.

Kuckt hei fir eng méi komplett Lëscht op a-z.lu

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. B99722 – mediArt, gekuckt op lbr.lu de 16. Oktober 2024
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 19. Oktober 2024
  3. (lb)De Paul Bertemes ass dout. https://www.100komma7.lu (2024-10-16). Gekuckt de(n) 16.10.2024.