Nikloskapell zu Weiler
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Weiler (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Weiler | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Niklos | |||
Koordinaten | 49° 57’ 45.6’’ N 06° 07’ 20.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Nikloskapell zu Weiler ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der Haaptstrooss, dem CR320, an der Housenerstrooss (rue de Hosingen). Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 28. Oktober 2022 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Mierschent hunn ausser der Kapell vu Weiler och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Filialkierch vu Grooljen an d'Kapell vun Nuechtmanescht gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikloskapell zu Weiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Housen-Houschent
- D'Kapell vu Weiler op der Websäit vum Parverband Housen-Houschent
- D'Fënstere vun der Kapell zu Weiler op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kapell vu Südoste gesinn
-
D'Kapell vun Nordweste gesinn
-
Den Agank
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).