Nicolas Cito
Nicolas Cito | |
---|---|
Den Nicolas Cito géint 1928[1]. | |
Gebuer |
25. Januar 1866 Nidderkäerjeng |
Gestuerwen |
18. Juni 1949 Knokke-Heist |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur |
Den Nicolas Cito, gebuer de 25. Januar 1866 zu Nidderkäerjeng, a gestuerwen den 18. Juni 1949 zu Knokke, war e lëtzebuergeschen Ingenieur. Als Chef-Ingenieur vum Bau vun enger Zuchstreck (1889 – 1892) am Kongo, dréit hien d'Verantwortung fir den Doud vun dausende kolonialen Zwangsaarbechter.[2] Hie war de Monni vum Lëtzebuerger Sculpteur Claus Cito[3].
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Studium op der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen, goung hien am Juni 1892, als Ingenieur am Optrag vun der Compagnie du Chemin de Fer du Congo, op Matadi an de Belsche Kongo, fir beim Opbau vun der Eisebunnsstreck tëscht Matadi a Léopoldville, der haiteger kongoleesescher Haaptstad Kinshasa, matzehëllefen. D'Streck vun der Eisebunnslinn war 398 Kilometer laang a goung vu Matadi um Atlantik, dat 28 Meter iwwer dem Mieresspigel läit, op Thysville, haut Mbanza-Ngungu, 700 Meter méi héich, bis erof op Léopoldville, 246 Meter héich. Bei de schwieregen Aarbechten, besonnesch duerch déi verschidden Terrainskonditiounen, an de Klima (der ëffentlecher Meenung vun deemools no), bei deenen iwwer 5.000 Aarbechter ëmkomm waren[4], huet den Nicolas Cito sech duerch säi sougenannt Duerchsetzungsverméigen ausgezeechent. Hie konnt dofir bei der Inauguratioun vun der Streck, de 16. Mäerz 1898, als Lokfürer an d'Gare vu Léopoldville erafueren. De selwechten Dag gouf hie, vum Kinnek Léopold II. vun der Belsch, zum Direkter vun der Compagnie des Chemins de Fer du Congo ernannt.
1903 gouf hien dunn zum Generaldirekter vun der chineesescher Eisebunnslinn Hankow-Kanton ernannt. Duerno huet hien nach Eisebunnen am Chile, an Indien, Guatemala, Panama, am Peru an am Mosambik geleet.
1920 koum hien op Bréissel zeréck a war a Verwaltungsréit vun diverse Kolonialgesellschaften.
Vum Januar 1927 bis 1947 war hie lëtzebuergesche Generalkonsul zu Bréissel. 1947 gouf hien Éiere-Konsul.[5]
Hie gouf den 22. Juni 1949 zu Bréissel um Kierfecht vun Ixelles begruewen.
Etappen a sengem Liewen
[änneren | Quelltext änneren]- 1892-1903: Belsche Kongo. Bau vun der Eisebunnslinn Matadi-Léopoldville
- 1903-1906: China. Eisebunnslinn Hankow-Kanton
- 1906-1907: Chile. Chemin de Fer longitudinal du Chili
- 1908-1909: Kolonie Brittesch Indien. Verwaltungsrot vun der Sandur Minig Co Ltd.
- 1910-1912: Guatemala-Peru: Bewässerungskanal vu Chira am Peru
- 1913: Brittesch Indien. Sandur Mining Co. Ttd.
- 1913-1914: Mosambik. Eisebunnslinn vu Beira bis a Zambia
- 1914-1919: London. Direkter vun der Banque d'Outremer.
- 1919-1923: Verwaltungsrot vun der Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A.[6],[7]
- 1920: Bréissel. Verwaltungsrot vun der Compagnie du Chemin de Fer Bac-Congo au Katanga et Leokadie
- 1920-1928: Bréissel-Kongo. Inspektiounsreesen
- 1928-1929: Brittesch Indien. Sanur Mining Co.Ltd
- Vun 1929 un:
- Vizepresident vun Accumulateurs Tudor[8]
- Verwaltungsrot vun der Arbed
- Verwaltungsrot vun der Prënz Hari Eisebunn
Zu Lëtzebuerg huet hie sech a verschiddenen Associatiounen engagéiert. Hie war ënner anerem Éierepresident vun der Fraternelle Esch. 1938 huet hie säin Heemechtsduerf Niddderkäerjeng bei der Restauratioun vun der Schoul finanziell ënnerstëtzt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (1947)[9],[10]
- Grand Officier vum Ordre d'Adolphe de Nassau
- Grand Officier vum Ordre Royal du Lion
- Grand Officier vum Ordre de Léopold II
- Commandeur vum Ordre de la Couronne (1933)[11]
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1912)[12]
- Chevalier vun der Légion d'honneur
- Officier vum Ordre de l'Etoile Noire
- Chevalier vum Ordre de la Couronne d'Italie
- Médaille Commémorative du Congo
- Docteur honoris causa en sciences appliquées vun der Universitéit Léiwen
Monument
[änneren | Quelltext änneren]Zu Nidderkäerjeng beim LTPS steet e Monument vum Nicolas Cito, dat de Claus Cito fir säi Monni sculptéiert huet. Dëse Buer gouf vum Cercle Colonial Luxembourgeois der Gemeng Nidderkäerjeng geschenkt an den 12. Juni 1938 a Presenz vum Prënz Felix vu Bourbon-Parma ageweit.[13] Um Monument steet dës Opschrëft:
Eisem gro’ssen Kompatriot
dem Nicolas
Cito
Ingene’er
Kolonial-Pionne’er
Generalkonsul vu
Letzeburg
gebueren zu Niederkescheng den 25. 1.1866
gestuerwen den 18. 6. 1949
Opgericht den 12. 6. 1938
Am Juni 2020 hat de Kënschtlerkollektiv Richtung 22 eng Gitterkonstruktioun virun d'Monument installéiert, sou datt een d'Gesicht vum Nicolas Cito hanner Prisongsgittere gesinn huet. Op enger Plack stoung: "A Gedenken un 5.500 kolonial Zwangsaarbechter, déi beim Bau vun enger Zuchstreck am Kongo ëm d'Liewe komm sinn. Fir eng lëtzebuergesch Erënnerungskultur an där schwaarz Liewen zielen."[14]
Am August 2022 huet déi feministesch an antirassistesch Associatioun Lëtz Rise Up d'Gemeng Käerjeng opgefuerdert d'Monument ofzerappen. Amplaz datt un e wäisse Mann aus Lëtzebuerg erënnert gëtt, soll un d'Affer geduecht ginn, déi beim Bau vun der Eisebunn am Kongo ëmkomm sinn.[15]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Pionéier am Kongo
- Nicolas Cito, Luxemburger Illustrierte, Nr. 18, 25. Sept, 1928, S. 257-258, Portrait.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell: Luxemburger Illustrierte, cf. http://www.luxemburgensia.bnl.lu/cgi/luxonline1_2.pl?action=fv&sid=luxill&year=1928&issue=18&page=257&zoom=3
- ↑ Les Luxembourgeois au Congo belge, Dossier forum Nr. 208, Mee 2001
- ↑ De Claus Cito huet sengem Monni Nicolas Cito e Monument sculptéiert, wat bei der Cito-Schoul (haut den LTPS) zu Nidderkäerjeng steet.
- ↑ Moes, Régis, 1986-, Cette colonie qui nous appartient un peu : la communauté luxembourgeoise au Congo belge ; 1883-1960. Fond. Robert Krieps (2012). Gekuckt de(n) 16.06.2020.
- ↑ Mémorial A N° 26 vum 27. Mee 1947 Säit 6
- ↑ Mémorial A N° 85 vum 12. November 1922 Säit 4
- ↑ Chronik aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 21. August 1919, Säit 2
- ↑ Biographie Belge d'Outre-Mer Säit 60
- ↑ Lettres de Bruxelles am L'Indépendance luxembourgeoise vum 24. Mee 1948, Säit 5
- ↑ Heute am Luxemburger Wort vum 31. Mee 1947, Säit 4
- ↑ Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 15. November 1933, Säit 3
- ↑ Mémorial A N° 41 vum 17. Juni 1912 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Manifestation Cito, Luxembourg: journal du matin 26 et 27 mai 1938, gekuckt den 18. August 2022
- ↑ "Aktion gegen Denkmal in Niederkerschen." wort.lu, 15.06.2022; gekuckt de 16. August 2022
- ↑ "Den Nicolas Cito soll fort, "Lëtz Rise Up" géint Glorifikatioun vum Kolonialismus a senge Verfechter.", rtl.lu, 16.08.2022; gekuckt de 16. August 2022
- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 08. Abrëll bis de 6.November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.
- Gebuer 1866
- Gestuerwen 1949
- Lëtzebuergesch Ingenieuren
- Eisebunn
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Grand officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier de la Légion d'honneur
- Commandeur vum Ordre de la Couronne
- Grand officier de l'ordre de Léopold II
- Kolonialissem am Zesummenhank mat Lëtzebuerg