Op den Inhalt sprangen

Metzler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Beruff Metzler. Fir den Numm, kuckt wgl. Metzler (Familljennumm).
E Metzler bei der Aarbecht an den USA.
Metzler am Uganda.

E Metzler (fir de Mann) oder eng Metzlesch oder Metzlerin (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi op d'Veraarbechten an de Verkaf vu Fleesch a Fleeschproduite spezialiséiert ass. D'Haaptaufgabe vum Metzler sinn d'Schluechte vum Véi, d'Zerleeë vum Fleesch, d'Produzéiere vu Wurscht an d'Veraarbechte vum Fleesch a verschidde Produiten, wéi Ham, Salami oder Brot. Zousätzlech beroden d'Metzler hir Clienten iwwer déi verschidde Fleeschzorten an hir Zoubereedung.

Metzler schaffen an ënnerschiddlechen Ëmgéigenden, dorënner de Metzlereien, de Supermarchéen, de Schluechthaiser, an den industrielle Betriber, an deene Fleesch verschafft gëtt. De Beruff erfuerdert e fundéiert Wëssen iwwer d'Fleeschqualitéit, d'Hygiènesvirschrëften an d'Liewensmëttelsécherheet. A ville Länner musse Metzler streng Hygiènes- a Sécherheetsvirschrëfte respektéieren, fir d'Gesondheet vun de Konsumenten ze schützen.[1]

D'Ausbildung zum Metzler (Boucher-charcutier) dauert zu Lëtzebuerg dräi Joer a gëtt am Bouneweger Lycée ugebueden.[2] Si kombinéiert Theorie a Praxis a wärend där Zäit léieren déi zukünfteg Metzler déi verschidden Technike vum Schluechten, Zerleeën a Veraarbechte vum Fleesch an den Ëmgang mat moderne Maschinnen a Geschier.

De Beruff vum Metzler erfuerdert handwierklecht Geschéck, kierperlech Belaaschtbarkeet an e Verständnis fir Liewensmëttelqualitéit. Metzler spillen eng wichteg Roll an der Liewensmëttelketten an droen zur Versuergung vun der Bevëlkerung mat héichwäertege Fleeschproduite bäi.

Commons: Metzleren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture: Check-liste de contrôle: Hygiène boucheries V2
  2. bounewegerlycee.lu: Formation professionnelle – Boucher-charcutier (BC) (gekuckt den 23. August 2024)