Maurice Loewy
Maurice Loewy | |
---|---|
Gebuer |
15. Abrëll 1833 Wien |
Gestuerwen |
15. Oktober 1907 Paräis |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Keesertum Éisträich, Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker |
Member vun | Académie des sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences |
De Maurice Loewy, gebuer de 15. Abrëll 1833 zu Wien[1]; a gestuerwen de 15. Oktober 1907 zu Paräis, war en éisträichesch-franséischen Astronom an Observatoiresdirekter. Nieft Himmelsmechanik an Astrometrie huet hie sech ë. a. mat der Selenographie beschäftegt an huet de fotografesche Paräisser Moundatlas publizéiert.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hie gouf als Moritz Loewy gebuer. Seng jiddesch Eltere waren 1841 op Wien geplënnert, fir dem Antisemitismus an hirer Heemechtstad z'entkommen. De Loewy gouf Assistent am Universitéitsobservatoire Wien an huet säin Interessi der Himmelsmechanik zougedréit. Als Viraussetzung fir eng Professur hat den éisträichesche Kultusminister von Thun allerdéngs d'Daf verlaangt.[2] Den deemolegen Direkter vum Observatoire, de Karl Ludwig von Littrow, hat dem Loewy am Joer 1860 eng Plaz am Paräisser Observatoire vermëttelt. A Frankräich huet de Loewy dunn déi franséisch Staatsbiergerschaft ugeholl. Do huet hie sech mat den Ëmlafbunne vun Asteroiden a Planéite beschäftegt souwéi mat der Miessung vu geographesche Längten an huet sou d'Genauegkeet vun der Connaissance des temps, dem amtlechen astronomesche Joerbuch a Frankräich verbessert. Weiderhin huet hien un Theeme vun der Optik, der Aberratioun vum Liicht geschafft an huet e Coudé-Equatorialspigelteleskop mat laanger Brennwäit gebaut, mat deem säin Assistent de Pierre Puiseux iwwer 6.000 Moundfotoe gemaach huet.
1872 gouf de Loewy an de Bureau des longitudes beruff, dem franséischen Institut fir astronomesch Zäit- a Längtebestëmmung. 1873 gouf hie Member an der Paräisser Académie des sciences.
1896 gouf de Loewy Direkter vum Paräisser Observatoire. Hien huet déi Institutioun reorganiséiert an huet en Departement fir physikalesch Astronomie ageriicht. Méi wéi zéng Joer huet hien do zesumme mam Pierre Puiseux (1855–1928) un engem Atlas vum Mound geschafft. -- Den Atlas war zesummegesat aus 10.000 Fotoen, déi gréisstendeels um Loewy-Equatorial opgeholl goufen. Hiren Atlas photographique de la Lune (1910) wart méi wéi en halleft Joerhonnert d'Basis fir d'Moundkartéierung. Weider hat sech de Loewy um internationale Projet Carte du Ciel engagéiert, deen allerdéngs ni ganz fäerdeg gouf. De Maurice Loewy ass 1907 zu Paräis un engem Kreeslafstëllstand gestuerwen.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1889: Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.
- De Moundkrater Loewy gouf 1935 no him genannt. Et gëtt ugeholl, datt den Asteroid Mathilde no senger Fra genannt gouf.
Verschidde Schrëften
[änneren | Quelltext änneren]- Bahn des Cometen V 1858, K.K. Hof- und Staatsdruckerei, Wien 1858
- Bahnbestimmung der ersten Kometen 1857, K.K. Hof- und Staatsdruckerei, Wien 1859
- Loewy & Puiseux: Pariser Mondatlas in 48 fotografischen Aufnahmen, Paris 1896
- Loewy & Puiseux: Atlas photographique de la Lune (12-teilig, 1910), in Google Books.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Salomon Wininger: Große jüdische National-Biographie. Kraus Reprint, Nendeln 1979, ISBN 3-262-01204-1 (Nachdr. d. Ausg. Czernowitz 1925), Band IV, S. 178f
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum M. Loewy am Astrophysics Data System
- Noruff fir den M. Loewy am Astrophysics Data System
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nach Recherchen von Anneliese Schnell (Maurice Loewy and the equatorial Coudé in Vienna, Astronomische Nachrichten, Vol. 330, Issue 6, p. 552-554 [1]), war Wien der Geburtsort, denn u.a. steht dies in einer französischen Übersetzung seiner Geburtsurkunde. Wien als Geburtsort steht auch in den Nachrufen, den meisten großen Nachschlagewerken und anderen Quellen; einzelne Quellen geben offenbar fälschlich Pressburg oder Marienbad an.
- ↑ Salomon Wininger: Große jüdische National-Biographie, Bd. IV, S. 178