Martin Luther
Martin Luther | |
---|---|
Gebuertsnumm | Martin Luder |
Gebuer | 10. November 1483 jul. |
Gestuerwen | 18. Februar 1546 jul. |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Theolog, Professer, Affekot, Bibeliwwersetzer, Philosoph, Paschtouer, Schrëftsteller, Priedeger, Komponist, Kathoulesche Priister |
De Martin Luther, gebuer den 10. November 1483 zu Eisleben, an do gestuerwen den 18. Februar 1546, war een däitsche reliéise Reformator.
De Martin Luther huet op Wonsch vu sengem Papp ugefaangen, Droit zu Erfurt ze studéieren. No 2 Méint huet hien dee Studium ofgebrach an ass an den Augustineruerden agetratt. 1507 gouf hien zum Geeschtleche geweit an huet Theologie studéiert.
Vu 1508 un huet hie Virliesunge ginn a gouf, no senger Promotioun 1512, Professer op der Universitéit vu Wittenberg.
1510 ass him op enger Rees op Roum bewosst ginn, wéi wäit d'Institutioun Kierch verweltlecht war: vun der Léier war an der Praxis net méi vill erëmzefannen.
Besonneschen Ustouss huet hien um sougenannten Handel mam Noloosse vun de Sënnen ("Ablass" / "indulgences") zu Gonschte vum Neibau vun der Péiterskierch zu Roum fonnt, dee besonnesch vum Dominikanerpater Tetzel bedriwwe gouf.
Den 31. Oktober 1517 verëffentlecht de Martin Luther seng 95 Theesen ë. a. géint d'Bousspraxis vun der (kathoulescher) Kierch. Dës Theesen, déi als Grondlag fir eng wëssenschaftlech Diskussioun geduecht waren, verbreede sech ganz séier a féieren (ouni datt dat dem Luther seng Absicht war) zur Reformatioun, also zur Zwee-Deelung vum westleche Chrëschtentum. N.B.: Zanter 1054 gouf et schonn eng Deelung tëscht den Ost-Chrëschten (Orthodoxen) an der kathoulescher Kierch am Westen...
Bei engem Sträitgespréich 1518 zu Heidelberg refuséiert de Luther seng Theesen zeréckzezéien.
1519 huet hien an enger weiderer Diskussioun d'Onfeelbarkeet vum Poopst a vun de Konziler grondsätzlech a Fro gestallt.
1520 huet hien dës 3 Grondwierker vun der Reformatioun verfaasst:
- "An den christlichen Adel deutscher Nation von des christlichen Standes Besserung"
- "Von der babylonischen Gefangenschaft der Kirche" an
- "Von der Freiheit eines Christenmenschen"
De 1521 géint de Luther ausgeschwate Kierchebann blouf wéinst dem senge villen Unhänger an der Bevëlkerung ouni Wierkung. A virun der Reichsacht, déi zu Worms géint hien ausgeschwat gi war huet säi Landesfürst de Friederich der Weise, hien a Schutz geholl, andeems hien de Luther als "Junker Jörg" op d'Wartburg bruecht huet. Do huet hie bannent 10 Méint dat Neit Testament op Däitsch iwwersat.
1525 huet de Luther sech mat der fréierer Nonn Katharina von Bora bestuet an huet mat hir zesumme 6 Kanner kritt.
Publizéiert Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- D. Martin Luthers Werke, Kritische Gesamtausgabe, Weimarer Lutherausgabe, an 120 Bänn. Dovun
- Tischreden, 6 Bänn
- Deutsche Bibel, 15 Bänn
- Briefwechsel, 18 Bänn
- Schriften, Werke, 81 Bänn
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Heinz Schilling, Martin Luther. Rebell in einer Zeit des Umbruchs; München (C.H. Beck), 2016; 728 S. (51 Illustratiounen a 4 Kaarten). ISBN 978-3-406-69687-9
- Dietrich Gronau, Luther, Revolutionär des Glaubens ; Focus-Edition Biographien, Heinrich Hugendubel Verlag, Kreuzlingen / München, 2006; 202 Säiten. ISBN 978-3-7205-2861-0
- Bernhard Lohse, Martin Luther. Eine Einführung in sein Leben und sein Werk; München (C. H. Beck), 1997; 256 Säiten. ISBN 978-3-406-41982-9
- Volker Reinhardt, Luther der Ketzer. Rom und die Reformation; München (C.H. Beck), 2016; 352 S. (24 Illustratiounen). ISBN 978-3-406-68828-7
- Volker Leppin, Die fremde Reformation. Luthers mystische Wurzeln; München (C. H. Beck), 2016; 247 S. (13 Illustratiounen). ISBN 978-3-406- 69081-5
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Erasmus vu Rotterdam
- Philipp Melanchthon
- Ulrich Zwingli
- Jean Calvin
- Pierre Viret
- John Knox
- Olaus Petri
- Laurentius Petri
- Laurentius Andreae
- Mikael Agricola
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Martin Luther – Biller, Videoen oder Audiodateien |