La Superba
La Superba | |
Stärebild: | Canes Venatici |
Daten | |
Rektaszensioun | 12h45m07.83s |
Deklinatioun | +45°26'24.8" |
Gréissteklass | 4,8-6,3 mag |
Spektralklass: | C7Iab |
Verännerleche Stärentyp | SRB |
Distanz | 650 ± 130 Lj |
Absolut Hellegkeet | -1,27 ± 0,43 mag |
Mass: | 3 * Sonn |
Radius: | 215 * Sonn |
Liichtkraaft: | 270 ± 110 * Sonn |
Radialvitess: | ? |
Uewerflächentemperatur | 2800 K |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +46°1817 |
Bright Star Catalogue | HR 4846 |
FK5 | 1327 |
GC | GC 17342 |
Henry-Draper-Katalog | HD 110914 |
Hipparcos-Katalog | HIP 62223 |
SAO-Katalog | SAO 44317 |
Tycho-Katalog | TYC 3459-2147-1 |
La Superba ass de verännerleche Stär Y Canum Venaticorum (Y CVn) am Stärebild Canes Venatici.
Et handelt sech ëm ee vun de roudelzegste Stären um Himmel. Wéinst senger opfälleger Faarf huet den italieeneschen Astronom Angelo Secchi hie La Superba, "déi Gréisst" genannt. Aner Bezeechnunge sinn HR 4846 oder HD110914.
De Stär ass 710 Liichtjoer vun eis ewech. De roude Ris gehéiert zu der Spektralklass C7I. Hien huet en héije Kuelestoffgehalt. Sou Stäre ginn och als Kuelestoffstären (englesch) Carbon Stars) bezeechent. D'Uewerflächentemperatur ass 2.800 Kelvin. Den Duerchmiesser ass ronn zwou Astronomesch Eenheeten, also 300 Millioune Kilometer. De Stär huet déi 4.400fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
D'visuell Magnitude variéiert an engem Zäitraum vu ronn 160 Deeg tëscht 4,80 mag a +6,30m. La Superba gëtt zu den hallefreegelméisseg verännerleche Stäre gezielt.