Lëtzebuerger Guiden a Scouten
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréisste Verband vu Guiden a Scoute vu Lëtzebuerg. Mat méi wéi 5.000 Membere sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 57 lokal Gruppe gëtt et am Land.
D'LGS sinn 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwéi kathoulesche Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstanen. Haut spillt dat Kathoulescht an der Aarbechtsmethod vun den LGS keng sou grouss Roll méi.[1][2] Amplaz gëtt méi Wäert op déi perséinlech Entwécklung vun de Jugendleche geluecht, zu deem och fir deen Eenzelen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.
Zu de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gehéieren och nach follgend Organisatiounen:
- ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt[3]
- Fondatioun Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken[4]
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten A.S.B.L.
- Centre de formation et d'animation um Neihaischen[5]
- Relais de l'amitié zu Bilschdref[6]
- Jugendhaus Bissen[7]
- Foulards blancs
- Gamma Scouten
- Amicale Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz 1940-1945
D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM|. Déi aner zwéi Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun dësen zwou Weltorganisatiounen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- De Joseph Tockert huet 1914 déi éischt Lëtzebuerger Scoutsgrupp (spéider FNEL) mat Schüler vum Athenée gegrënnt.
- 1919 gëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération nationale des scouts du Luxembourg - FNSL) gegrënnt, deen eng Rei vu Scoutstruppen zesummegefaasst, déi zum Deel schonn als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestanen hunn.
- Am November 1938 gouf de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) vum Mgr. Pierre Posing gegrënnt. Déi éischt Guidesektioun war d'Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
- D'Lëtzebuerger Scouten an d'Lëtzebuerger Guide waren zwou Jugendbeweegungen, deenen hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet seng Iddien a seng Method ufanks vum 20. Joerhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemools, wuel getrennt fir Jongen a Meedercher formuléiert, mä all Kéier an der selwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.
- Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hunn déi zwéi chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwecht Ziler ustriewen, de 15. Mee 1994 decidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.
- Am Hierscht 2004 hunn d'Aarbechte fir déi nei Zentral vun de Guiden a Scouten am Stater Quartier Weimerskierch ugefaangen. Zanter 2007 huet d'Géisserei de Centre Convict als Zentral ofgeléist.
- Am Summer 2017 hunn d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten e groussen, internationale Camp um Kierchbierg organiséiert, de GoUrban 2017.[8] 4.000 Leit aus 24 Länner hunn do deelgeholl.[9]
Struktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerläit dem Verbandscomité, deen aus dem Commissaire général, dem Commissaire général adjoint, dem Aumônier général an enger Rei Commissaire mat spezielle Charge besteet.[10]
Eng Lëscht vun alle Commissairen:
- Commissaire général
- Commissaire général adjoint
- Biber-Commissaire
- Biber-Commissaire adjoint
- Wëllefchers-Commissaire
- Wëllefchers-Commissaire adjoint
- AvEx-Commissaire
- AvEx-Commissaire adjoint
- CaraPio-Commissaire
- CaraPio-Commissaire adjoint
- RaRo-Commissaire
- RaRo-Commissaire adjoint
- Commissaire fir Gruppen
- Commissaire fir Gruppen adjoint
- Programm-Commissaire
- Formatiouns-Commissaire
- Formatiouns-Commissaire adjoint
- Internationale Commissaire WAGGGS
- Internationale Commissaire WOSM
- Commissaire fir Public Relations
- Commissaire fir Public Relations adjoint
- Finanzcommissaire
De representative Chef-Scout vu Lëtzebuerg ass de Prince Guillaume.[11]
Aarbechtsmethod
[änneren | Quelltext änneren]D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute besteet aus follgenden Haaptpunkten[1][2]:
- Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
- Andeelung an Altersgruppen (Branchen)
- Spill an Aarbecht a klengen Ekippen
- Liewen an der Natur
- den Asaz fir anerer
- den Engagement, d'Matbestëmmung an d'Matverantwortung
Branchen
[änneren | Quelltext änneren]All Grupp ass a verschidde Branchen opgedeelt déi vu forméierte Cheffen encadréiert ginn. Déi eenzel Branchen ënnerscheede sech äusserlech duerch d'Faarf vun der Sträif op hirem Foulard.[12],[13],[14],[15],[16]
Branche | Faarf um Foulard | Alter |
---|---|---|
Biber | Turquoise | 6-8 Joer |
Wëllef | Giel | 8-11 Joer |
AvEx | Moof | 11-14 Joer |
CaraPio | Rout | 14-17 Joer |
RaRo | Beige | 17-23 Joer |
Albatrossen | Donkelgro | + 23 joer |
Uniform
[änneren | Quelltext änneren]Zur Uniform vun den LGS gehéieren[17]:
- e gréngt Hiem, op dat déi verschidden Ofzeeche ("Badger") gebitzt ginn
- e Foulard
- eng blo Box oder Jüp
- e bronge Rimm aus Lieder mam Verbandsofzeechen aus Metall
De Foulard
[änneren | Quelltext änneren]D'Foularde vun den LGS hunn all e bloen Hannergrond mat engem faarwege Bord, deen d'Branche duerstellt (kuck uewen an der Tabell). Foularde mat enger wäisser Sträif op der rietser Säit an enger Branchefaarf op der lénkser si fir d'Cheffe vun där respektiver Branche geduecht. D'Gruppecheffen hunn ee Foulard mat enger wäisser Sträif an enger donkelgroer op der lénkser Säit. Zousätzlech gëtt et nach Foularde mat zwou wäisse Sträifen déi fir Commissairen, Aumônieren an aner Membere vun der Verbandsgrupp geduecht sinn. De Foulard mat zwou grénge Sträife gëtt vu Memberen an enger Scoutsgrupp gedroen déi selwer kee Scout sinn, sech awer bereet erkläre fir bei enger Aktivitéit eng Hand mat unzepaken.
Gruppen
[änneren | Quelltext änneren]D'LGS bestinn aus 57 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.[18]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anne-Laure Letellier, 2008. D'Guiden a Scouten. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 345-3500. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
- Anna Monaco, La résistance des scouts luxembourgeois durant la Seconde Guerre mondiale 91 Säiten
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Scouten zu Lëtzebuerg
- Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, déi laizistesch Scoutenorganisatioun zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten
- Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken
- Websäit vun den LGS op Facebook
- World Association of Girl Guides and Girl Scouts
- World Organization of the Scout Mouvement
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2016-10-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ 2,0 2,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2016-10-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-12-23. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ https://fondatioun.lgs.lu
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-03-20. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-03-19. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-11-27. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-10-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ lessentiel.lu: 4000 Pfadfinder campen auf dem Kirchberg (19. Juli 2017)
- ↑ http://lgs.lu/struktur-a-leedung-vum-verband/
- ↑ https://fr.scoutwiki.org/Jean_de_Luxembourg
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-01-04. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-01-03. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-01-02. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
- ↑ AvEx Ekipp, AvExpass. 2.Oplag, Lëtzebuerg 2007, S.25
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2012-08-14. Gekuckt de(n) 2012-06-01.