Jonglënster
Jonglënster | |
---|---|
Strooss zu Jonglënster, am Hannergrond d'Sendetierm vun RTL. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Junglinster de: Junglinster |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng | Jonglënster |
Buergermeeschter | Bernard Ries (DP) |
Awunner | 3.613 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 42’ 44’’ N 06° 15’ 08’’ O |
Jonglënster, fir d'Awunner Lënster, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Jonglënster.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Jonglënster läit op enger Héicht vun 304 Meter (bei der Kierch)[1] am Dall vun der Schwaarzer Iernz an ass souwuel am Norde wéi am Süde vun Hiwwelen ëmginn. D'Uertschaft ass och geographesch den Zentrum vun der Gemeng mam nämmlechten Numm. No Süde verleeft d'E29 iwwer Gonnereng a Richtung Stad an nordëstlech geet et iwwer Grolënster a Richtung Iechternach. A westlecher Richtung leie Buerglënster an Allënster an am Norde Guedber.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Territoire vum haitege Jonglënster ass op d'mannst zanter der Réimerzäit bewunnt. Rondrëm de Kiem vun Tréier op Metz goufen am Laf vun der Zäit ëmmer nees souwuel temporär, wéi befestegt Lager opgeriicht. Baulech Iwwerreschter, Haushaltsgéigestänn a Mënzen aus der Zäit vu 96 bis 350 n. Chr. beleeën d'Existenz vun enger réimescher Siidlung zu Lënster.[2] Scho wärend der Réimerzäit, mä virun allem an der fränkescher Period huet sech d'Chrëschtentum an der Regioun ausgebreet a schonn ënner dem Karel de Grousse soll zu Lënster eng Kierch gestanen hunn. Als Par daucht Lënster fir d'éischt am Joer 983 an historeschen Dokumenter op. Déi haiteg Kierch gouf tëscht 1772 a 1774 ënner dem Paschtouer Johann Otto Borrings gebaut.[3] 1847 gouf dat bis dohinn stroossebaulech kaum erschlossent Duerf un d'Streck Lëtzebuerg-Iechternach ugeschloss. 1859 goufen et éischt Pläng fir de Bau vun enger Eisebunnsslinn duerch Jonglënster, déi awer eréischt 1904 mam Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach ëmgesat goufen.[4]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Regëster, stole Sculptur virun dem Gemenghaus
- D'Kierch vu Jonglënster
- D'Sendetierm vum RTL-Sender vu Jonglënster
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Statistikportal vum Staat: https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12702&IF_Language=fra&MainTheme=1&FldrName=1
- ↑ Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 3
- ↑ Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 15-38
- ↑ Fanfare Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 82-90