Kristrún Frostadóttir
Kristrún Frostadóttir | |
---|---|
Gebuer |
12. Mee 1988 Reykjavík |
Nationalitéit | Island |
Educatioun |
Boston University, Yale Universitéit |
Aktivitéit | Politiker |
D'Kristrún Mjöll Frostadóttir [ˈkʰrɪstruːn ˈfrɔstaˌtoʊhtɪr], gebuer den 12. Mee 1988 zu Reykjavík, ass eng islännesch Ekonomistin a Politikerin (Allianz). Si ass zanter dem 21. Dezember 2024 Premierministesch vun hirem Land.
Si ass zanter 2021 Member vum islännesche Parlament Althing fir d'Allianz an zanter 2022 hir Parteipresidentin. 3 Joer ier se Deputéiert gouf war si Chefekonomistin vun enger Bank.
D'Kristrún Frostadóttir huet e Master an der Ekonomie vun der Boston University an a Global Affairs vun der Yale University.
Bei der virgezunner Parlamentswal vum 30. November 2024 gouf d'Allianz déi stäerkst Partei. An enger Koalitioun mat zwou anere méi klenge Parteie gouf d'Kristrún[1] als Ministerpresidentin benannt an den 21. Dezember 2024 vereedegt.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kristrún Frostadóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche um Site vum Althing
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm genannt.
- ↑ "Nach Neuwahlen: Kristrún Frostadóttir wird neue Ministerpräsidentin von Island." spiegel.de, 21.12.2024.