Kierch Fluessweiler
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch zu Fluessweiler (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Fluessweiler | |||
Par | Par Musel a Syr Saint-Jacques | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Cosmas Hl. Damian | |||
Koordinaten | 49° 40’ 00.5’’ N 06° 20’ 31.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Fluessweiler ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Cosmas an Damian, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet zu Fluessweiler an der rue Berg, dem CR145. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
De 26. Februar 2019 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch gouf 1739 ageweit. Si gouf no de Pläng vum Sigimund Mungenast gebaut, hie war och de Baumeeschter vun der Abtei Iechternach. D'Westfront mam Tuerm gouf eréischt 1843 derbäigebaut.
De Chouer ass vun engem stenge Kräizverwëllef markéiert.
1961 krut d'Kierch eng nei Fassad an den Tuerm gouf méi héich gebaut.
1962 krut d'Kierch eng nei Heizung.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Am Kierchtuerm vun der Fluessweiler Kierch hänken 3 Klacken, déi an den Téin la, sol, fa och a', g', f' genannt, lauden.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Fluessweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Widdebierg
- Websäit vum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer
- D'Fënstere vun der Kierch vu Fluessweiler op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
-
Südwestsäit vun der Kierch
-
Agank vun der Kierch op der Nordwestsäit
-
Bléck vum Duxall
-
Bléck op den Duxall
-
Déi Helleg Cosmas an Damian
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).