Op den Inhalt sprangen

Karl Ludwig Harding

Vu Wikipedia
Karl Ludwig Harding
Gebuer 29. September 1765
Lauenburg/Elbe
Gestuerwen 31. August 1834
Göttingen
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Asteroidenentdecker
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie

De Karl Ludwig Harding ass gebuer den 29. September 1765 zu Lauenburg; a gestuerwen den 31. August 1834 zu Göttingen. Hie war en däitschen Astronom an Theolog.

Den Harding huet op der Universitéit vu Göttingen Theologie studéiert, an zu Lilienthal bei Bremen Schoul gehalen.

Vu 1796 un huet den Harding als "Inspekter" um Observatoire geschafft a gouf 1800 zum Observator op der Universitéit Göttingen ernannt. Den 1. September 1804 huet hie vun do aus den Asteroid Juno, entdeckt.

1805 krut den Harding de Ruff als ausserordentleche Professer vun der Astronomie op der Universitéit Göttingen. Hien huet Observatioune vu Koméiten, Verännerleche Stären a Gasniwwele gemaach, an huet e Stärekatalog publizéiert.

Zur Unerkennung vu senge Leeschtunge gouf no him een Asteroid (2003) Harding benannt.

  • Atlas novus coelestis. Göttingen (1808)

Portal Astronomie