Jonas Savimbi
Jonas Savimbi | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jonas Malheiro Savimbi |
Gebuer |
3. August 1934 Provënz Moxico |
Gestuerwen |
22. Februar 2002 Provënz Moxico |
Doudesursaach | am Asaz gefall |
Nationalitéit | Angola |
Educatioun | Universitéit vu Lausanne |
Aktivitéit | Politiker, Partisan |
Partei | União Nacional para a Independência Total de Angola |
Famill | |
Kanner | Nazar |
De Jonas Savimbi, gebuer 1934 an der angolanescher Provënz Bie, an am Gefecht erschoos den 22. Februar 2002, war en angolanesche Leader.
Säin ursprénglechen Numm war Jonas Malheiro Savimbi. Hie war de Grënner vun der UNITA, enger Organisatioun, déi fir déi total Onofhängegkeet vun Angola haart an zéi gekämpft huet, ee véirel Joerhonnert laang, bis zum Doud vum Savimbi.
Säi Papp war protestantesche Paschtouer. Op Grond vu senge geeschtegen Talenter huet de Jonas eng Bourse kritt, déi him et erlaabt huet, fir 1960 op Lissabon ze goen, fir do Medezin ze studéieren. Duerno ass hien an d'Schwäiz gaangen, an zwar op Lausanne, an huet do op der Universitéit politesch Wëssenschafte studéiert. A China huet hie sech duerno an der Guerillapraxis initiéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Loiseau, Yves & de Roux, Pierre-Guillaume: Portrait d'un révolutionnaire en général: Jonas Savimbi, 1987, Table ronde, 276 Säiten. D'Buch baséiert op ville Gespréicher mam Savimbi, a gëtt seng Iddien a Virstellungen däitlech erëm.