Hollännesch
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hollännesch Nederlands | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Holland Aruba Belsch Curaçao Däitschland Frankräich Sint Maarten Surinam an an anere Länner |
Regioun: | Europa, Karibik |
Gëtt geschwat vun: | 30.000.000 Mammesprooch: 25.000.000 |
Klassement: | 37 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Holland Belsch Curaçao Sint Maarten Surinam |
Reglementéiert vun: | - |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | nl |
ISO 639-2 | dut |
ISO 639-3 | nld |
Hollännesch ((nl): Nederlands, Nederlandse taal) ass eng westgermanesch Sprooch, déi weltwäit vun ongeféier 30 Millioune Leit geschwat; fir ronn 25 Millioune Leit ass et d'Mammesprooch.[1]
Offiziell Sprooch
[änneren | Quelltext änneren]Hollännesch ass eng vun den offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun. Et gëtt offiziell an Holland, an der Belsch, an ausserdeem och zu Kleve (Däitschland) an a Frans-Vlaanderen, am Nordweste vu Frankräich geschwat.
Baussent Europa gëtt Hollännesch och nach op Aruba, Sint Maarten a Curaçao (status aparte vum Kinnekräich Holland), an am Surinam geschwat.
Afrikaans, dat a Südafrika an an Namibie geschwat gëtt, ass eng Duechtersprooch vum Hollänneschen.
Geographesch Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]Diffusioun vum Hollänneschen
[änneren | Quelltext änneren]-
██ Mammen- a Majoritéitssprooch ██ Offiziell Sprooch (administrativ) ██ Afrikaans (Duechtersprooch) ██ Zweet oder net-offiziell Sprooch oder weiderhin nach Kenntnis
Schreifweis an Aussprooch
[änneren | Quelltext änneren]D'Orthographie vun der Standardsprooch, d'Algemeen Nederlands, gëtt vun der Nederlandse Taalunie (Hollännesch Sproochenunioun) festgeluecht. D'Nederlandistik fuerscht, dokumentéiert a vermëttelt d'hollännesch Sprooch an d'Literatur an hiren historeschen an zäitgenëssesche Formen.
Alphabet
[änneren | Quelltext änneren]D'Hollännesch Sprooch gëtt mam Laténgeschen Alphabet geschriwwen.
Grammaire
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Textbeispill
[änneren | Quelltext änneren]Hollännesch[2] | Lëtzebuergesch |
---|---|
Alle mensen worden vrij en gelijk in waardigheid en rechten geboren. Zij zijn begiftigd met verstand en geweten, en behoren zich jegens elkander in een geest van broederschap te gedragen.
|
All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Wikipedia op Hollännesch |
Commons: Hollännesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (nl)Taalunie. taalunie.org. Gekuckt de(n) 23.11.2024.
- ↑ United Nations Department of Public Information, NY, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 22.11.2024.