Op den Inhalt sprangen

Helen Mirren

Vu Wikipedia
Helen Mirren
bei den Academy Awards 2007
Gebuertsnumm Helen Lydia Mironoff
Gebuer 26. Juli 1945
Hammersmith
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Middlesex University
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Schauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Taylor Hackford
D'Helen Mirren (1970)

D'Dame Helen Mirren, DBE, gebuer als Ilyena Lydia Vasilievna Mironoff de 26. Juli 1945 zu Chiswick (London) ass eng englesch Schauspillerin.

Hire Grousspapp, deen zu enger aristokratescher russescher Militärsfamill gehéiert huet, war als Diplomat an England fir Verhandlunge grad deen Ament wéi d'Oktoberrevolutioun ugefaang huet.

Besonnesch bekannt ass d'Helen Mirren duerch Filmer wéi: Excalibur vum John Boorman, The Pledge vum Sean Penn, Gosford Park vum Robert Altman an The Queen vum Stephen Frears, wou se d'Kinnigin Elizabeth II. gespillt huet.

D'Helen Mirren ass zanter 1997 mam Filmregisseur Taylor Hackford bestuet.

  • Rennert, Amy: Helen Mirren: Prime suspect: a celebration. San Francisco, Calif.: KQED Books, 1995. - ISBN 0-912333-69-3 engl.
  • Waterman, Ivan: Helen Mirren: The Biography. London: Metro, 2003. - ISBN 1-84358-053-5 engl.
  • Mirren, Helen: In the Frame: My Life in Words and Pictures. London: Weidenfeld & Nicolson, 2007. - ISBN 978-0-297-85197-4 engl.
Commons: Helen Mirren – Biller, Videoen oder Audiodateien