HIP 14810
Ausgesinn
HIP 14810 | |
Stärebild: | Aries (Ari) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 03h 11m 14,230s |
Deklinatioun | + 21° 05' 50,49"[1] |
visuell Magnitude | 8,52 mag[1] |
Spektralklass: | G5[1] |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Parallax: | (18,71 ± 1,26) |
Distanz | (174 ± 12) Lj. |
Liichtkraaft | 12,6 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | zirka 1 M☉ |
Radius: | ? R☉ |
Metallizitéit: | +0,23 |
Uewerflächentemperatur | (5485 ± 44) K |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +20° 518 |
GSC | GSC 01231-01727 |
Hipparcos-Katalog | HIP 14810 |
SAO | SAO 75776 |
Tycho-Katalog | TYC 1231/1727/1 |
Weider Katalogen | PPM 92274 |
Den HIP 14810 (oder BD +20° 518) ass en Haaptreiestär mat der Spektralklass G5. Seng Mass läit bei ongeféier enger Sonnemass.
Planéiten
[änneren | Quelltext änneren]Dräi konfirméiert Exoplanéiten ëmkreesen de Stär.[2]
HIP 14810 b
[änneren | Quelltext änneren]Den HIP 14810 b mécht all 6,674 Deeg een Tour ronderëm säin Zentralstär op enger Distanz vun zirka 0,0692 A.E. bei enger Exzentrizitéit vun 0,15. Seng Mindestmass ass zirka 3,8 Jupitermassen.
HIP 14810 c
[änneren | Quelltext änneren]Den HIP 14810 c brauch 113,83 Deeg, op enger Distanz vun zirka 0,46 A.E., fir en Tour ronderëm säi Stär. Seng Exzentrizitéit ass 0,15 a seng Mindestmass läit bei zirka 10 Jupitermassen.
HIP 14810 d
[änneren | Quelltext änneren]Dem HIP 14810 d säin Tour ronderëm säi Stär dauert 2,5 Joer, op enger Distanz vun zirka 1,9 A.E.. Seng Exzentrizitéit ass 0,17 a seng Mindestmass ass 0,6 Jupitermassen.