Gerard Peter Kuiper
Gerard Peter Kuiper | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gerrit Pieter Kuiper |
Gebuer |
7. Dezember 1905 Tuitjenhorn |
Gestuerwen |
24. Dezember 1973 Mexiko-Stad |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Holland, USA |
Educatioun |
Universitéit vu Leiden, Universitéit vu Leiden |
Aktivitéit | Astronom, Planetolog, Kartograph, Universitéitsprofesser |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences |
De Gerard Peter Kuiper, eigentlech Gerrit Pieter Kuiper, gebuer de 7. Dezember 1905 zu Harenkarspel, a gestuerwen den 23. Dezember 1973 zu Mexiko-Stad, war en US-amerikaneschen Astronom mat hollännescher Ofstamung.
De Kuiper war dat eelst vu véier Kanner. Seng Eltere waren de Gerrit (e geléierte Schneider) an d'Antje, geburen de Vries. De Kuiper huet zanter 1924 op der Universitéit vu Leiden studéiert an huet am Joer 1929 un enger aacht Méint laanger Expeditioun zu enger Sonnendäischtert no Sumatra deelgeholl.
No sengem Studium op der Universitéit Leiden a senger Promotioun beim Ejnar Hertzsprung iwwer Duebelstäre goung hien am Joer 1933 an d'USA a war zanter 1937 um Yerkes-Observatoire vun der Universitéit Chicago beschäftegt. Am Joer 1960 grënnt hien op der Universitéit vun Arizona de Lunar and Planetary Laboratory.
Hie beschäftegt sech haaptsächlech mam Sonnesystem. Hie weist de Kuelendioxid an der Atmosphär vum Mars no an entdeckt d'Atmosphäre vum Titan souwéi den Uranusmound Miranda an den Neptunmound Nereid. Hie schafft och theoreetesch iwwer Froe vun der Genesis vun eisem Sonnesystem a seet déi no him genannt Kuiperceinture viraus.
De Kuiper war och un der Sich no geegnete Landeplaze fir den Apollo-Programm bedeelegt, andeems hien an den 1960er Joren als Chefwëssenschaftler fir de Rangerprojet vun der NASA Biller vun de Moundsonden analyséiert hat. Hien ass wuel de bedeitendste Planéitefuerscher vum 20. Joerhonnert.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1959 Henry Norris Russell Lectureship
- Jee e Krater um Äerdmound, dem Mars an um Merkur souwéi der Asteroid (1776) Kuiper droe säin Numm.
- D'Kuiper Airborne Observatoire ass och no him genannt ginn
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Sterne und Weltraum, 4 / 2008