Eurovision Song Contest 2012
57. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Light your Fire! |
Datum | 22., 24. a 26. Mee 2012 |
Stad | Baku (Aserbaidjan) |
Gebai | Baku Crystal Hall |
Gewënner | Loreen (Schweden) |
Zuel vu Länner | 42 |
Moderatioun | Eldar Qasımov, Leyla Aliyeva an Nargiz Berk-Petersen |
Interval Act | Finall: Emin Ağalarov |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
De 57. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 22. a 24. Mee, a seng Finall de 26. Mee 2012 an der Crystal Hall an der aserescher Haaptstad Baku. Presentateure waren den Eldar Qasımov, d'Leyla Aliyeva an d'Nargiz Berk-Petersen.
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 18 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Andorra, Polen, Tschechien, Armenien a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Kaliopi fir d'Republik Mazedonien 1996 (Qualifikatiounsronn), de Jónsi fir Island 2004, de Željko Joksimović fir Serbien 2004 (Serbien-Montenegro) an den Duo Jedward fir Irland 2011.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Aserbaidjan.
Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi souwuel fir d'Halleffinalle wéi och fir d'Finall benotzt ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Baku matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Loreen mam Lidd Euphoria mat 113 Punkte Virsprong virum Grupp Buranowskije Babuschki (Russland). Euphoria krut mat 372 Punkten déi zweethéchste Punktzuel an der Geschicht vum ESC, no den 387 fir dem Alexander Rybak säi Lidd Fairytale am Joer 2009. Déi drëtt Plaz krut de Željko Joksimović, dee fir Serbien ugetruede war.
Fir Schweden war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Halleffinallen
[änneren | Quelltext änneren]1. Halleffinall
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Halleffinall war den 22. Mee 2012.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Italien, Aserbaidjan a Spuenien.
Startnr. | Land | Interpret | Titel | Plaz | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
1 | Montenegro | Rambo Amadeus | Euro Neuro | 15. | 20 |
2 | Island | Greta Salóme & Jónsi | Never Forget | 8. | 75 |
3 | Griicheland | Eleftheria Eleftheriou | Aphrodisiac | 4. | 116 |
4 | Lettland | Anmary | Beautiful Song | 16. | 17 |
5 | Albanien | Rona Nishliu | Suus | 2. | 146 |
6 | Rumänien | Mandinga | Zaleilah | 3. | 120 |
7 | Schwäiz | Sinplus | Unbreakable | 11. | 45 |
8 | Belsch | Iris | Would You | 17. | 16 |
9 | Finnland | Pernilla | När Jag Blundar | 12. | 41 |
10 | Israel | Izabo | Time | 13. | 33 |
11 | San Marino | Valentina Monetta | The Social Network Song | 14. | 31 |
12 | Zypern | Ivi Adamou | La La Love | 7. | 91 |
13 | Dänemark | Soluna Samay | Should've Known Better | 9. | 63 |
14 | Russland | Buranowskije Babuschki | Party For Everybody | 1. | 152 |
15 | Ungarn | Compact Disco | Sound Of Our Hearts | 10. | 52 |
16 | Éisträich | Trackshitta | Woki Mit Deim Popo | 18. | 8 |
17 | Moldawien | Pasha Parfeny | Lăutar | 5. | 100 |
18 | Irland | Jedward | Waterline | 6. | 92 |
2. Halleffinall
[änneren | Quelltext änneren]Déi zweet Halleffinall war de 24. Mee 2012.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Groussbritannien.
Startnr. | Land | Interpret | Titel | Plaz | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
1 | Serbien | Željko Joksimović | Nije ljubav stvar | 2. | 159 |
2 | Mazedonien | Kaliopi | Crno i belo | 9. | 53 |
3 | Holland | Joan Franka | You And Me | 15. | 35 |
4 | Malta | Kurt Calleja | This is the Night | 7. | 70 |
5 | Wäissrussland | Litesound | We are the Heroes | 16. | 35 |
6 | Portugal | Filipa Sousa | Vida minha | 13. | 39 |
7 | Ukrain | Gaitana | Be My Guest | 8. | 64 |
8 | Bulgarien | Sofi Marinova | Love Unlimited | 11. | 45 |
9 | Slowenien | Eva Boto | Verjamem | 17. | 31 |
10 | Kroatien | Nina Badrić | Nebo | 12. | 42 |
11 | Schweden | Loreen | Euphoria | 1. | 181 |
12 | Georgien | Anri Jokhadze | I'm A Joker | 14. | 36 |
13 | Tierkei | Can Bonomo | Love Me Back | 5. | 80 |
14 | Estland | Ott Lepland | Kuula | 4. | 100 |
15 | Slowakei | Max Jason Mai | Don't Close Your Eyes | 18. | 22 |
16 | Norwegen | Tooji | Stay | 10. | 45 |
17 | Bosnien an Herzegowina | Maya Sar | Korake Ti Znam | 6. | 77 |
18 | Litauen | Donny Montell | Love Is Blind | 3. | 104 |
Finall
[änneren | Quelltext änneren]D'Finall war de 26. Mee 2012.
Déi 26 Länner an der Finall waren:
- Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
- D'Gaaschtland, Aserbaidjan
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.
Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 42 Länner déi matgemaach haten.
Plaz | Startnr. | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|---|
1. | 17 | Schweden | Loreen | Euphoria | 372 |
2. | 6 | Russland | Buranowskije Babuschki | Party for Everybody | 259 |
3. | 24 | Serbien | Željko Joksimović | Nije ljubav stvar | 214 |
4. | 13 | Aserbaidjan | Sabina Babayeva | When the Music Dies | 150 |
5. | 3 | Albanien | Rona Nishliu | Suus | 146 |
6. | 11 | Estland | Ott Lepland | Kuula | 120 |
7. | 18 | Tierkei | Can Bonomo | Love Me Back | 112 |
8. | 20 | Däitschland | Roman Lob | Standing Still | 110 |
9. | 10 | Italien | Nina Zilli | L'amore è femmina (Out of Love) | 101 |
10. | 19 | Spuenien | Pastora Soler | Quédate conmigo (Stay with Me) | 97 |
11. | 26 | Moldawien | Pasha Parfeny | Lăutar | 81 |
12. | 14 | Rumänien | Mandinga | Zaleilah | 71 |
13. | 22 | Mazedonien | Kaliopi | Crno i belo | 71 |
14. | 4 | Litauen | Donny Montell | Love Is Blind | 70 |
15. | 25 | Ukrain | Gaitana | Be My Guest | 65 |
16. | 8 | Zypern | Ivi Adamou | La La Love | 65 |
17. | 16 | Griicheland | Eleftheria Eleftheriou | Aphrodisiac | 64 |
18. | 5 | Bosnien an Herzegowina | Maya Sar | Korake ti znam | 55 |
19. | 23 | Irland | Jedward | Waterline | 46 |
20. | 7 | Island | Gréta Salóme & Jónsi | Never Forget | 46 |
21. | 21 | Malta | Kurt Calleja | This Is the Night | 41 |
22. | 9 | Frankräich | Anggun | Echo (You and I) | 21 |
23. | 15 | Dänemark | Soluna Samay | Should've Known Better | 21 |
24. | 2 | Ungarn | Compact Disco | Sound of Our Hearts | 19 |
25. | 1 | Groussbritannien | Engelbert | Love Will Set You Free | 12 |
26. | 12 | Norwegen | Tooji | Stay | 7 |
Weideres
[änneren | Quelltext änneren]- Déi 86-järeg (Eurovision.tv schwëtzt awer just vu 77 Joer) Jelisaweta Sarbatova aus der russescher Grupp Buranowskije Babuschki ass déi bis ewell eelste fir en Eurovision Song Contest nominéiert Persoun. Virdru war dat de kroatesche Rapper 75 Cents, deen am Joer 2008 als 75-Järegen opgetratt ass. D'Sarbatova ass 70 (61) Joer méi al wéi déi jéngst Participantin vun dësem Joer, déi 16-järeg Eva Boto aus Slowenien.
- D'"Bomen aus Buranowo" presentéieren deen éischten Eurovision-Song-Contest-Bäitrag op Udmurtesch. Och Georgesch an Aserbaidjanesch héiert ee fir d'alleréischt Kéier op enger ESC-Bün (och wann Aserbaidjanesch just an engem eenzege Saz am bulgaresche Bäitrag Love Unlimited virkënnt).
- Nodeem datt den aseresche President Ilcham Alijew Enn Februar 2012 d'Armenier als "Feinde" bezeechent huet (tëscht deenen zwee Länner gëtt et e brécklege Waffestëllstand wéinst dem Sträit ëm d'Regioun Biergkarabach), huet den armeenesche Sender de 7. Mäerz 2012 matgedeelt, datt Armenien dëst Joer seng Participatioun um Eurovision Song Contest zeréckzitt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eurovision Song Contest 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Düsseldorf (Däitschland) | Malmö (Schweden) | |
---|---|---|
ESC 2011 | Eurovision Song Contest | ESC 2013 |