Op den Inhalt sprangen

Elektriker

Vu Wikipedia
Zwee Elektriker montéieren eng nei Haaptschalttafel.
En Elektriker bei enger Miessung.

En Elektriker oder eng Elektrikerin ass eng Persoun, déi sech mat der Installatioun, dem Entretien an der Reparatur vun elektresche Systemer an Anlage beschäftegt. Elektriker schaffen an ënnerschiddleche Beräicher, dorënner a Wunn- a Bürosgebaier, Industriebetriber, ëffentlechen Ariichtungen an am Bauwiesen.

Zu hiren Aufgaben zielen d'Installatioun, also d'Verleeë vun elektresche Leitungen, d'Uschléisse vu Steckdousen, Schalteren a Beliichtungssystemer, an d'Iwwerpréiwen an den Ënnerhalt vun den elektreschen Anlagen, déi et scho gëtt. Dozou gehéiert d'Etabléiere vu Feelerdiagnosen an d'Reparatur. Elektriker garantéieren och, datt elektresch Installatiounen de lokale Sécherheetsvirschrëften an Normen entspriechen. Eng aner Aufgab ass d'Ënnerstëtze beim Plange vun neien elektresche Systemer an d'Berode vu Cliente beim Choix vun energieeffiziente Léisungen.

Am Bausecteur schaffen d'Elektriker an neie Gebaier, an an deenen, déi renovéiert ginn, an installéieren Elektroanlagen. An der Industrie si si fir den Entretien an d'Reparatur vu Maschinnen a Produktiounsanlage verantwortlech. An anere Betriber, am ëffentleche Secteur an a private Stéit féiere si Installatioun, Reparaturen a Moderniséierungen duerch.

D'Ausbildung zum Elektriker ass an der Reegel eng dual Ausbildung, déi Theorie an enger Schoul a Praxis an enger Entreprise kombinéiert.[1] Zu Lëtzebuerg dauert se däi Joer.[2] Wärend där Zäit kréien déi zukünfteg Elektriker Kenntnesser an der Elektrotechnik, der Elektronik, de Sécherheetsvirschrëften an den Installatiounstechniken.

Elektriker spillen eng weesentlech Roll an der moderner Gesellschaft, andeem si dofir suergen, datt elektresch Systemer sécher an effizient funktionéieren.

Commons: Elektriker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. lma.lu: Métiers de la construction et de l’habitat – Section des électriciens (DAP_ELF)
  2. enad.lu: Électricien-ne - Ecole nationale pour adultes (ENAD) (gekuckt de 24. August 2024)