Dieter Wagner
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dieter Wagner | |
---|---|
Gebuer |
26. Juli 1939 Stuttgart |
Gestuerwen |
6. Dezember 2011 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Den Dieter Wagner, gebuer de 26. Juli 1939 zu Stuttgart[1], a gestuerwen de 6. Dezember 2011[2] zu Lëtzebuerg, war e Moler, Graphiker a Galerist.
Den Dieter Wagner, deen zanter 1968 zu Lëtzebuerg gelieft huet[1], huet virun allem Plakater a Buchdeckelen entworf. Bis zu sengem Doud huet hien d'Graphik an de Layout vun der Zäitschrëft ons stad realiséiert.[3]
Den Dieter Wagner war de Liewenspartner vun der Molerin Patricia Lippert[3] an de Papp vun der Molerin Barbara Wagner[1].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Dieter Wagner, ein Leben. 2012.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Lexikon 2006, S. 449.
- ↑ Wort.lu
- ↑ 3,0 3,1 (dco), 2011. Schläifmillen-Gründer Robert Mancini verstorben. Luxemburger Wort vum 10. Dezember 2011, S. 23