Biisserpaart
D'Biisserpaart (vu baussen) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Place Auguste-Engel |
Koordinaten | 49°36'29,34"N, 6°8'20,51"O |
Datum vum Bau | 15. Joerhonnert (julianesch) |
D'Biisserpaart ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg. Se steet am Biisserwee am Quartier Gronn vun der Stad Lëtzebuerg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vum südëstleche Wupp vum Rumm-Plateau aus féiert eng Trap an den Uelzechtdall erof, déi um Wiergank vun enger mëttelalterlecher Mauer, genannt Maierchen erauskënnt. D'Maierchen huet zur drëtter Festungsmauer vun der Festung Lëtzebuerg gehéiert a gouf am 15. Joerhonnert gebaut. Se sollt d'Festung a Richtung Osten zou maachen an ass vun de Fielsen ënnerzeg der Rumm, iwwer de Biisserwee an d'Uelzecht bis bei d'Fielsen um rietsen Uwänner ënnerzeg vum Fort Verluerekascht gaangen. Zesumme mat der Festungsmauer gouf och eng quadratesch Paart am Biisserwee gebaut, déi nom Numm vum Wee, Biisserpaart genannt gouf. D'Paart war just vun niewesächlecher Bedeitung, well se méi dacks zou wéi op war. Et kann ee se deemno éischter als eng Poterne bezeechnen.
Vun hirem Bau bis zum Ufank vum 20.Joerhonnert hat d'Biisserpaart hiert mëttelalterlecht Ausgesi behalen, ma se gouf 1907 aus Grënn vun der ëffentlecher Hygiène opgemaach an de baussenzegen Deel gouf zerstéiert. Aus de selwechte Grënn goufen d'Haiser am Biisserwee, déi widder dem Fiels ënner Rumm-Plateau stoungen, ofgerappt. Haut gesäit ee laanscht der Auguste-Engel-Plaz nach d'Iwwerreschter vun dësen Haiser.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- "Enceinte Wenceslas près du Bisserwee." op ssmn.public.lu, gekuckt den 9. Februar 2020.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Biisserpaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |