Bernd Eichinger
Bernd Eichinger | |
---|---|
Gebuer | 11. Abrëll 1949 |
Gestuerwen |
24. Januar 2011 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Delegéierte Produzent |
Member vun | Deutsche Filmakademie |
De Bernd Eichinger, gebuer den 11. Abrëll 1949 zu Neuburg an der Donau, a gestuerwen de 24. Januar 2011 zu Los Angeles, war en däitsche Filmproduzent, -regisseur an Dréibuchauteur.
Nom Studium op der Film- an Tëleehéichschoul zu München huet hien 1979 Parte vun der Produktiouns- an Distributiounsfirma Constantin FIlm iwwerholl a gouf hiren Directeur exécutif. Hie blouf dat bis 2005. Hien huet an e puer FIlmer selwer Regie gefouert, ass awer virun allem bekannt als Produzent vun ë. a. Literaturverfilmungen, dacks an internationale Koproduktiounen, wéi Der Name der Rose, Die unendliche Geschichte, Wir Kinder vom Bahnhof Zoo, Das Parfum, Das Geisterhaus, asw.
Aner bekannt Filmer vun him sinn Der bewegte Mann, Der Untergang an Der Baader-Meinhof-Komplex.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bernd Eichinger – Biller, Videoen oder Audiodateien |