Op den Inhalt sprangen

Benjamin Baillaud

Vu Wikipedia
Benjamin Baillaud
Gebuer 14. Februar 1848
Chalon-sur-Saône
Gestuerwen 8. Juli 1934
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des sciences de Paris,
École normale supérieure
Aktivitéit Astronom, Meteorolog, Universitéitsprofesser
Member vun Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, International Astronomesch Unioun
Famill
Kanner Émile Baillaud, Jules Baillaud, René Baillaud

Den Édouard Benjamin Baillaud, gebuer de 14. Februar 1848 zu Chalon-sur-Saône, a gestuerwen den 8. Juli 1934 zu Paräis, war e franséischen Astronom.

Seng akadeemesch Ausbildung krut hien an der École normale supérieure an op der Sorbonne.

Vun 1878 bis 1907 war hien Direkter vum Observatoire vun Toulouse, an duerno Direkter vum Paräisser Observatoire bis zum Joer 1926.

Hie war besonnesch mat der Fuerschung vun de Saturnmoundbunnen beschäftegt. Wärend senger Aarbecht zu Toulouse war hie mat der Opstellung vum 50 cm-Teleskop am Observatoire vum Pic du Midi de Bigorre um Pic du Midi bedeelegt. Spéider gouf hien den éischte President vun der Internationaler Astronomescher Unioun (vun 1919 bis 1922).

De Moundkrater Baillaud gouf no him genannt. D'50-cm-Teleskop um Pic du Midi krut och säin Numm. Haaptsächlech huet säi Jong, de Jules Baillaud, och Astronom um Pic du Midi geschafft a war vun 1937 bis 1947 Direkter vum Observatoire um Pic du Midi.

Nom Jules Baillaud gouf den Asteroid 1280 Baillauda genannt.

Portal Astronomie