Op den Inhalt sprangen

BeeSecure

Vu Wikipedia

BeeSecure ass eng Initiativ zu Lëtzebuerg, déi sech op Cybersécherheet a Bewosstsinnsfërderung konzentréiert. Dëse Service ass duerch eng Zesummenaarbecht tëschent dem SNJ an dem KJT entstanen. BeeSecure gëtt vum Ministère fir Digitaliséierung, der Police grand-ducale a vun aneren Organisatiounen ënnerstëtzt . D'Zil vun der Initiativ ass et, d'Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer déi verschidde Risiken am Beräich vun der Cybersécherheet z'informéieren a Rotschléi ze ginn, wéi ee sech am Internet sécher beweege kann.

BeeSecure huet sech als wichteg Plattform fir d'Promotioun vu Cybersécherheet zu Lëtzebuerg etabléiert an ziilt drop hin, fir d'Leit méi responsabel ze maachen an z'informéiere wat am digitale Raum geschitt.

Themefelder vu BeeSecure sinn ënner anerem: Phishing, Dateklau, Sextortion, Cybermobbing, Online-Bedruch, verdächteg E-Mailen, etc...