Barcelona
Barcelona | |
---|---|
Vue iwwer Barcelona | |
Land | Spuenien |
Autonom Gemeinschaft | Katalounien |
Provënz | Barcelona |
Awunner | 1.595.110 (INE 2007) |
Fläch | 100,40 |
Koordinaten |
41° 24’ 00’’ N 02° 10’ 00’’ O |
Telefonszon | 93 |
Postcode | 08001–08042 |
Websäit | https://www.barcelona.cat |
Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Barcelona läit um Mëttelmier am Nordoste vu Spuenien, ongeféier 160 km südlech vun de Pyrenäen an der Grenz mat Frankräich. Et ass déi zweetgréisst Stad a Spuenien an déi gréisst a Katalounien. Mat de Faubourge liewen do ronn 3 Mio. Leit.
Distrikter
[änneren | Quelltext änneren]Barcelona ass an 10 Distrikter agedeelt:
- 1) Distrikt Ciutat Vella
- 2) Distrikt Ensanche (Eixample)
- 3) Distrikt Sants-Montjuïc
- 4) Distrikt Les Corts
- 5) Distrikt Sarrià-Sant Gervasi
- 6) Distrikt Gràcia
- 7) Distrikt Horta-Guinardó
- 8) Distrikt Nou Barris
- 9) Distrikt Sant Andreu
- 10) Distrikt Sant Martí
Klima
[änneren | Quelltext änneren]Barcelona huet e Mëttelmierklima. An alle Joreszäite sinn d'Temperaturen agreabel mat meeschtens sonnegen Deeg. Den August ass de wäermste Mount mat ëm déi 30 Grad, tëscht dem November an dem Februar leien d'Temperaturen am Duerchschnëtt bei 12 Grad.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vu Barcelona huet virun 2000 Joer mat der ibeerescher Uertschaft Barkeno ugefaangen. Déi Uertschaft louch op engem Küstenofschnëtt tëscht dem Collserola-Kamm an dem Mëttelmier um Wee vun Zentraleuropa bis op d'Ibeeresch Hallefinsel.
Kultur a Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Barcelona huet eng laang Geschicht, an et fënnt ee vill Bauwierker aus der Romanik, Gotik, Renaissance oder souguer nach méi al Epochen. Ëm d'Joerhonnertwenn war Barcelona en Zentrum vum modernistesche Stil, an et war haaptsächlech den Antoni Gaudí, deen zesumme mat aneren der Stad en neit Gesiicht ginn huet. Déi bekanntst Gebaier sinn d'Sagrada Familia, d'Casa Milà, de Park Güell oder nach d'Casa Batlló. Kuckeswäert ass och dat typescht Spuenescht Duerf, dat zu Barcelona nogebaut gouf.
Muséeën
[änneren | Quelltext änneren]Déi grouss Auswiel vu Muséeën zu Barcelona bitt Informatioune vun zäitgenëssescher Konscht bis hin zu romanesche Fresken.
1985 hunn d'Renovatiounsaarbechten un alle stättesche Muséeën ugefaangen an déi meescht si mëttlerweil erëm fir déi Intresséiert op. Déi wichtegst Musséeë sinn:
- de Museu Frederic Marès mat enger bedeitender Skulpturesammlung vu Spuenien
- de Museu Picasso, dee meescht besichtene Musée mat Wierker vum moderne Kënschtler aus senger Ufängerzäit
- d'Fundació Joan Miró, vum Miró selwer gegrënnt, fënnt een hei Wierker vun him, vu sengen éischten Zeechnungen am Joer 1901 bis zu senge leschte Monumentalbiller
- de Museu d'Art de Catalyna, mat weltwäit eenzegaartege romanesche Konschtwierker
- de Centre de Cultura Contemporània, den Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht
- de Museu d'Història de la Ciutat, de Stadmusée an de Katakombe mat katalounescher Geschicht
- de Museu Castell de Montjuïc & Museu Militar, eng fréier Festungsanlag mat enger Ausstellung vu Waffen an Uniformen, a vun deem aus een eng Vue iwwer ganz Barcelona huet.
Kulturierwen
[änneren | Quelltext änneren]- Casa Batlló
- Casa Vicens
- Casa Milà
- Hospital de Sant Pau
- Parc Güell
- Palau Güell
- Palau de la Música Catalana
- Chrëschtfassad an d'Krypta vum Temple Expiatori de la Sagrada Família
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1888: d'Weltausstellung
- 1929: d'Weltausstellung, zusamme mat Sevilla
- 1992: d'Olympesch Summerspiller
- 2004: Vu Mee bis September den Internationale Forum vun de Kulturen
Educatioun
[änneren | Quelltext änneren]Partnerstied
[änneren | Quelltext änneren]
|
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de spuenesche Groussstied
- Antoni Gaudí (1852 - 1926), spueneschen Architekt
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien |