Babettes gaestebud
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Dänemark |
Produktiounsjoer | 1987 |
Première | 28. August 1987 |
Dauer | 99 min |
Faarf | Faarweg |
Eastmancolor | |
Format | 1,66:1 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Dänesch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Gabriel Axel |
Dréibuch |
Gabriel Axel nom Buch vun der Karen Blixen |
Fotografie | Henning Kristiansen |
Musek | Per Nørgård |
Produzent |
Just Betzer Bo Christensen Panorama Film A/S Det Danske Filminstitut Nordisk Film Rungstedlundfonden |
Schauspiller | |
Stéphane Audran als Babette Harsant Birgitte Federspiel als Martina Bodil Kjer als Philippa Jarl Kulle als Generol Lorenz Lowenhielm Jean-Philippe Lafont als Achille Papin Bibi Andersson als Schweedin Ghita Nørby als Erzielerin | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Babettes gaestebud (Le Festin de Babette) ass en dänesche Film aus dem Joer 1987.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Am 19. Joerhonnert an engem klengen Duerf an Dänemark leeden zwou al Jofferen, d'Martina an d'Philippa, nom Doud vun hirem Papp, engem protestantesche Paschtouer, deem seng Par weider.
Si huelen d'Babette, e franséische Flüchtling, bei sech an d'Haus. D'Babette mécht hinnen dann de Stot.
Déi zwou Schwëstere wëllen den 100. Gebuertsdag vun hirem Papp mat hirer ganzer Par feieren. An d'Babette, dat eng gréisser Zomm Geld gewonnen huet, gëtt sech dru fir hinne fir dee Feierdag en extrae Menü zu kachen.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 1988 Oscar - Beschten net engleschsproochege Film
- 1989 Bafta - Beschten net engleschsproochege Film
- 1988 Präis vun den italieenesche Filmkritiker a Journalisten - Bescht Schauspillerin Stéphane Audran
- 1989 Präis vun den italieenesche Filmkritiker a Journalisten - Schauspillerin vum Joer Stéphane Audran