Arrondissementer am Departement Manche
Ausgesinn
D'Departement Manche setzt sech aus véier Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften zesummen: Saint-Lô, Avranches, Cherbourg-en-Cotentin a Coutances.
Déi véier Arrondissementer sinn:
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1790 gëtt d'Departement Manche mat follgende siwen Distrikter gegrënnt: Avranches, Coutances, Cherbourg, Valognes, Carentan, Saint-Lô a Mortain.
- 1796 gëtt d'Prefecture vu Coutances op Saint-Lô verluecht.
- 1800 ginn d'Distrikter duerch d'Arrondissementer Avranches, Coutances, Mortain, Saint-Lô, a Valognes ersat.
- 1811 gëtt d'Arrondissement Cherbourg gegrënnt.
- 1926 ginn d'Arrondissementer Mortain a Valognes suppriméiert
- 1944 gëtt d'Prefecture provisoresch op Coutances verluecht, bis zu Saint-Lô d'Gebai dat am Krich zerstéiert gouf erëm nei opgeriicht gouf.