Alexei Anatoljewitsch Nawalny
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alexei Anatoljewitsch Nawalny | |
---|---|
Gebuer | 4. Juni 1976 |
Gestuerwen | 16. Februar 2024 |
Doudesursaach | onbekannt |
Nationalitéit | UdSSR, Russland |
Educatioun |
Yale Universitéit, Yale World Fellows Program |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Aktivist |
Partei | Jabloko |
Member vun | Russeschen Oppositiouns-Koordinatiounsrot, Yale World Fellows Program |
Famill | |
Bestuet mat | Julija Borissowna Nawalnaja |
Papp | Anatoly Nawalny |
Mamm | Ljudmila Nawalnaja |
Geschwëster | Oleg Nawalny |
Kanner | Darja Nawalnaja, Sachar Nawalny |
Den Alexei Anatoljewitsch Nawalny (op Russesch: Алексей Анатольевич Навальный), gebuer de 4. Juni 1976 am Duerf Butyn am Distrikt Odinzowo am Oblast Moskau[1], a gestuerwen de 16. Februar 2024 zu Charp am Jamal-Nenzeschen Autonome Krees, war e russeschen Affekot, Blogger[2], ë. a. YouTuber[3], Politiker a politeschen Aktivist[4]. An der Zäit vun der Regierung Putin-Medwedew gouf hien als ee vun de Leadere vun der russescher Oppositioun bekannt[5],[6],[7]. Wéinst enger Verurteelung an engem kontestéierte Prozess gouf him verbueden, weider Kandidat fir déi russesch Presidentschaft 2018 ze bleiwen[8].
2012 war en onofhängege Kandidat fir Moskauer Buergermeeschter ze ginn, a koum op déi zweet Plaz[5].
Den Nawalny war e bekannten Aktivist géint d'Korruptioun a Russland[2],[9], a war de Grënner vun der Fondatioun fir Korruptiounsbekämpfung (Fond borby s korrupzijei)[10]. Seng Documentairen Tschaika (2015, iwwer de russesche Generalprocureur Juri Tschaika, seng Filssen an d'Korruptiounsaktivitéit vun dëser Famill) an On wam ne Dimon ("Dir sollt hien net Dimon nennen"/2017, iwwer de komplizéierte System vun der Korruptiounsaktivitéit vum Ex-Ministerpresident Medwedew) hate grousse Succès. Honnertdausenden a souguer Millioune Leit hunn d'Filmer op YouTube gekuckt[11],[12].
Den Alexei Nawalny a seng Ënnerstëtzer gi vum putinistesche Regimm aktiv verfollegt[13],[14],[15],[16]. Am August 2019 huet hien eng Attack mam Nervegëft Nowitschok knapps iwwerlieft[17] a gouf zu Berlin nees gesond gefleegt[18]. Dono ass hien nees a Russland geflunn, a gouf direkt wéi en do ukoum festgeholl, mam Virworf, d'Oploe vu sengem konditionéierte Fräigang net respektéiert gehat soll hunn[19]. Kuerz dono huet seng Organisatioun Dworez dlja Putina ("De Palais fir de Putin", international bekannt als Putin's Palace) op YouTube publizéiert, an deem gewise gouf, wéi de Putin e geheimen, honnerte vu Milliounen deiere Palais gebaut krut. Den Nawalny gouf an dräi Prozesser alles an allem zu 19 Joer Stroflager veruerteelt[20].
De 16. Februar 2024 ass den Nawalny am Alter vu 47 Joer am Prisong gestuerwen[21]. D'Julija Nawalnaja, Wittfra vum Nawalny, huet doropshin deklaréiert, datt si d'Aarbecht vun hirem Mann weiderméich[22].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alexey Navalny – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ https://lenta.ru/lib/14159595/
- ↑ 2,0 2,1 https://www.newyorker.com/magazine/2011/04/04/net-impact
- ↑ http://www.bbc.com/russian/news-42501721
- ↑ https://newtimes.ru/articles/detail/137007
- ↑ 5,0 5,1 http://www.km.ru/v-rossii/2013/09/20/vladimir-putin/721060-putin-priznal-alekseya-navalnogo-liderom-oppozitsii
- ↑ https://www.dp.ru/a/2017/04/05/Tot_samij_personazh_kak_n
- ↑ https://www.rtl.lu/news/national/a/2170764.html
- ↑ http://p.dw.com/p/2pxHL
- ↑ http://www.nytimes.com/2011/03/28/business/global/28investor.html?_r=0
- ↑ https://www.vedomosti.ru/library/articles/2012/02/13/pesnya_o_blogere
- ↑ http://www.colta.ru/news/9431
- ↑ http://www.nedelya.ru/view/199649
- ↑ http://p.dw.com/p/2XAoy
- ↑ http://p.dw.com/p/2rPM7
- ↑ https://meduza.io/news/2017/10/06/predlagayut-vybrat-odnogo-iz-odnogo-andrey-zvyagintsev-potreboval-dopustit-navalnogo-na-vybory
- ↑ https://www.svoboda.org/a/28831654.html
- ↑ "Russian opposition leader Alexei Navalny 'poisoned'." bbc.com, 20 August 2020; archivéiert
- ↑ "Navalny Taken Off Ventilator as Novichok Recovery Continues – German Hospital. The Moscow Times, 1.09.2019.
- ↑ "Alexei Navalny ordered to be detained on[ return to Russia, say officials." The Guardian, 14.01.2021
- ↑ https://www.currenttime.tv/a/tri-goda-nazad-aleksey-navalnyy-priletel-v-rossiyu-i-srazu-byl-zaderzhan/32777585.html
- ↑ (lb)War kuerz nom Spadséiere goe vu sech: Den Oppositiounsleader Alexej Nawalny ass am Prisong gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 16.02.2024.
- ↑ https://meduza.io/feature/2024/02/20/yuliya-navalnaya-zayavila-chto-prodolzhit-delo-svoego-muzha-nam-snova-est-na-chto-nadeyatsya