Op den Inhalt sprangen

Abetti (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Abetti
Mons Argaeus (Mëtt) mam Abetti (LROC-WAC)
Koordinaten 20°6'36"N, 27°49'12"O
Duerchmiesser 1,6 km
Déift 80 m
Genannt no Antonio Abetti
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ12

Den Abetti ass e klengen Aschlagkrater, dee vollstänneg vun engem Maria iwwerdeckt ass. Op der Mounduewerfläch ass nëmmen en ofgeronnten Hiwwel, deen de Rand undeit, siichtbar. Den Abetti läit no bei dem südëstleche Rand vum Mare Serenitatis a westlech vum Mons Argaeus. De Krater ass nëmme bei ganz flaachem Liichtafall siichtbar.

Portal Astronomie