15. Arrondissement vu Paräis
Quartieren |
Saint-Lambert, Necker, Grenelle, Javel |
---|---|
Buergermeeschter | Philippe Goujon |
Awunner | 227.746 |
Fläch | 8,50 km² |
Postcode | 75015 |
INSEE-Code | 75115 |
Koordinaten | 48°50'28,78"N, 2°18'1,05"O |
De 15. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Vaugirard ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et läit um lénksen Uwänner vun der Seine, am Südweste vun der Stad, an ass 1860 entstanen, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf an d'Gemenge Vaugirard a Grenelle an d'Stad Paräis integréiert goufen.
Den Arrondissement war bis an d'1970er-Joren e Aarbechterquartier an ass haut eng Wunngéigend vun der mëttlerer an héijer Biergerschicht, well e fir Paräisser Verhältnesser relativ roueg geleeën ass; nëmmen am Süden a Südwesten, am Quartier Javel gëtt et vill Sozialwunnengen.
Geographesch Lag
[änneren | Quelltext änneren]De 15. Arrondissement läit um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten, déi aner Säit vun der Gare Montparnasse, un de 14. Arrondissement, am Westen duerch d'Seine getrennt, un de 16. an am Norden un de 7. Arrondissement. Am Süde stéisst en un de Boulevard périphérique op deem senger anerer Säit d'Gemenge Malakoff, Vanves an Issy-les-Moulineaux leien.
Quartieren
[änneren | Quelltext änneren]Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 57. Quartier Saint-Lambert
- 58. Quartier Necker
- 59. Quartier de Grenelle
- 60. Quartier de Javel
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Graf vum Sculpteur Henri Schmid (1872-1927) um Cimetière de Grenelle
-
Den Institut Pasteur
-
Vue op d'Seine
-
D'Allée des Cygnes
-
D'Île aux Cygnes
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kleng Auswiel:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 15. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]