Schindler's List
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
Première | 15. Dezember 1993 |
Dauer | 195 min |
Faarf | schwaarz-wäiss (bis op kleng Ausnamen) |
Format | 1,85:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Steven Spielberg |
Dréibuch | Steven Zaillian |
Fotografie | Janusz Kamiński |
Musek | John Williams |
Schnëtt | Michael Kahn |
Produzent |
Steven Spielberg Gerald R. Molen Branko Lustig |
Produktiouns- gesellschaft |
Amblin Entertainment Universal Pictures |
Schauspiller | |
Liam Neeson als Oskar Schindler Ben Kingsley als Itzhak Stern Ralph Fiennes als Amon Göth | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Schindler's List ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg[1][2] aus dem Joer 1993, no engem Dréibuch vum Steven Zaillian, dat sengersäits vum Buch Schindler's Arkvum Thomas Keneally adaptéiert ass. E baséiert op historesche Faiten.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film huet als Haaptprtagonist den Oskar Schindler (gespillt vum Liam Neeson), en däitschen Industriellen a Geschäftsmann, deen am vun Nazi-Däitschland besate Polen am Laf vum Krich iwwer dausend meeschtens polnesch-jiddesch Zwangsaarbechter a senge Fabrécke beschäftegt huet, fir s'esou virum Holocaust ze retten. Als eng Zort verzerrt Spijelbild gëtt den SS-Offizéier a Lagerkommandant Amon Göth duergestallt (gespillt vum Ralph Fiennes). E weidere wichtege Personnage ass den Itzhak Stern, dem Schindler säi jiddesche Komptabel (gespillt vum Ben Kingsley).
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Film gouf 1993 bannent 72 Deeg zu a bei Kraków gedréint. En ass, well dat em eng méi dokumentaresch an universell Note gëtt, a Schwaarz-wäiss gedréint, bis op d'Ufanks- a Schlusssequenz, souwéi bei e puer Zeenen, wou e klengt Meedche mat engem roude Mantel an engem soss schwaarz-wäisse Bild ervirstécht - wuerwiertlech e roude Fuedem iwwer d'Schicksal vun de Judden zu der Zäit wou de Film spillt. D'Filmmusek ass vum John Williams komponéiert, an d'Titelmelodie gouf vum Violonist Itzhak Perlman gespillt.
Schindler's List hat den 30. November 1993 Première zu Washington, D.C. a koum zwou Wochen drop an den USA an d`Kinoen. E gouf weltwäit vun der Kritik gelueft fir säin Toun a seng Atmosphär, d'Schauspill vun den Haaptacteuren an dem Spielberg seng Regie. De Film, deen e Produktiounsbudget vun 22 Milliounen Dollar hat, huet bei senger Sortie weltwäit 322 Milliounen agespillt. E gouf fir 12 Academy Awards nominéiert, an huet der 7 dovu gewonnen, dorënner déi fir de beschte Film, bescht Regie, bescht adaptéiert Dréibuch, a bescht Filmmusek. Och soss doruechter krut en eng Abberzuel Präisser, dorënner 7 BAFTAs an dräi Golden Globe Awards.