Op den Inhalt sprangen

Neptun (Planéit)

Vu Wikipedia
De Neptun mat dräi vu senge Mounde an natierleche Farwen, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop

Den Neptun ass deen aachten a baussenzegste Planéit am eisem Sonnesystem a gouf am Joer 1846 entdeckt. Hien ass benannt no dem Neptun, dem réimesche Gott vun de Mieren an de Fléissgewässer, a gëtt zu de jupiteränlechen (iovianeschen) Planéite gezielt. Säin Zeechen (planetarescht Symbol: ♆) ass e stiliséierten Dräizack, d'Waff vum Miergott Neptun.

De kompakte Gasplanéit (Dicht 1,64 g/cm³) dominéiert duerch seng grouss Mass (17 × Äerd) de baussenzege Sonnesystem a beaflosst d'Bunn vu ville klengen Himmelskierpere wéi déi vun de Plutonoen, den Asteroiden an den Transneptunen.

Den Neptun huet eng bal perfekt kreesfërmeg Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,0113. Säi sonnennächste Punkt, de Perihel, läit bei 29,709 AE a säi sonnewäitste Punkt, den Aphel, bei 30,385 AE. Säi Bunneplang ass mat 1,769° nëmme liicht géint d'Ekliptik gebéit. Fir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch den Neptun ronn 165 Joer.

Den Neptun kann net mat bloussem A gesi ginn. An engem staarken Teleskop erschéngt hien als blogréng Scheif, änlech wéi säi banneschten Nopeschplanéit Uranus. Déi blogréng Faarf gëtt duerch de Methan, dat an der Atmosphär ass, verursaacht. Säin Duerchmiesser ass 49.248 km. Den Neptun ass eppes méi kleng wéi den Uranus an de véiertgréisste Planéit am Sonnesystem. No senger Mass ze beurteelen ass hien deen drëttschwéiersten.

Mound- a Ranksystem

[änneren | Quelltext änneren]

Den Neptun huet 13 bekannt Mounden. Dee bei Wäitem gréissten ass den Triton deen de William Lassell 17 Deeg no der Entdeckung vum Neptun, entdeckt hat. Am Géigesaz zu allen anere grousse Mounde vun de Planéiten am Sonnesystem leeft hie retrograd (géint d'Planéiterotatioun) ëm den Neptun a kënnt deem lues a lues op enger Spiralbunn ëmmer méi no. Dem Neptun säin zweete Begleeder den Nereid huet eng vun den exzentreschsten Ëmlafbunne vun alle Mounden am Sonnesystem.

Vu Juli bis September 1989 huet d'Raumsond Voyager 2 sechs nei Neptunmounden entdeckt. Aus dëse stécht den irregulär geformte Proteus ervir, datt hie grad nach ze kleng ass, fir net vu senger eegener Gravitatioun a Kugelform gezunn ze ginn. Déi véier bannescht Neptunmounden Naiad, Thalassa, Despina an Galatea hunn Ëmlafbunne bannescht den Neptunrénk. Dee vu bannen nächste Mound Larissa gouf ursprénglech 1981 entdeckt, wéi hien e Stär bedeckt huet. Am Ufank ass ugeholl ginn, datt et en Deel vun engem Neptunrankbou wier, awer d'Voyager 2 huet 1989 den Neptun erfuerscht a festgestallt, datt déi Stärebedeckung duerch e Mound geschitt ass.

D'Entdeckung vu fënnef weideren irreguläre Mounde vum Neptun gouf 2004 bekannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Neptunmounden.

Dem Neptun säi Ranksystem

Den Neptun huet e schwaache Ranksystem. D'Réng hunn eng "knubbeleg" Struktur, där hir Ursaach bis elo net gekläert ass, déi awer aus der Gravitatiounswiesselwierkung mat klenge Mounden an der Rankëmgéigend hiekomme kéint.

Unzeechen op onvollstänneg Rankbéi goufe Mëtt vun den 1980er Jore fonnt, wéi Observatioune vun enger Stärebedeckung duerch den Neptun zousätzlech Verdäischterunge virun an no der Bedeckung vum Stär duerch de Planéit gewisen hunn. Biller vun der Raumsond Voyager 2 hunn den Opbau vum Ranksystem gekläert, dat aus vill liichtschwaachen an dënne Réng besteet.

De baussenzege vun de Réng, den Adamsrank, huet dräi däitlech Rankbéi, déi d'Nimm Liberté, Égalité a Fraternité kritt hunn. D'Existenz vun de Rankbéi ass schwiereg z'erklären, well d'Beweegungsgesetzer vermudde loossen, datt iwwer eng ganz kleng Zäitskala d'Rankbéi sech zu vollstännege Réng verdeele kënnen. Gravitatiounseffekter vum Mound Galatea, deen direkt banne vum Adams-Rank kreest, verursaache méiglecherweis d'Begrenzung vun de Rankbéi.

Verschidden aner Réng goufe vun de Voyager-2-Kameraen entdeckt.

Zousätzlech zum schmuelen Adamsrank, deen 62.930 km vum Zentrum vum Neptun ewech ass, gouf den Leverrierrank bei 53.200 km an de méi breeden, awer donkele Gallerank bei 41.900 km entdeckt. Déi bleech Ausdeenung vun de Leverrierréng no baussen, goufen nom Lassell benannt an ass op senger baussenzeger Kant duerch den Aragorank bei 57.600 km begrenzt.[1]

Nei, am Joer 2005 publizéiert Ënnersich weisen, datt d'Réng vum Neptun däitlech méi onstabill sinn, wéi bis elo ugeholl. De Liberté-Rankbou kéint a manner wéi engem Joerhonnert verschwonne sinn.

Rank Radius (km) Breet (km) Bemierkungen
1989 N3R ('Galle') 41.900 15 Genannt nom Johann Gottfried Galle
1989 N2R ('Leverrier') 53.200 15 Genannt nom Urbain Le Verrier
1989 N4R ('Lassell') 55.400 6 Genannt nom William Lassell
Arago Rank 57.600 - Genannt nom François Arago
Liberté Rank-Bou 62.900 - "virauslafende" Rankbou
Égalité Rank-Bou 62.900 - "equidistante" Rankbou
Fraternité Rank-Bou 62.900 - "nofollgende" Rankbou
Courage Rank-Bou 62.900 -
1989 N1R ('Adams') 62.930 <50 Genannt nom John Couch Adams

Zanter Juni 2006 sinn am Total véier Neptun-Trojaner bekannt (2001 QR322, 2004 UP10, 2005 TN53 an 2005 TO74). D'Objete lafen dem Planéit 60° um Lagrangepunkt L4 viraus. Bis elo goufen nach keng Trojaner op L5 nogewisen.

Erfuerschung / Geschicht

[änneren | Quelltext änneren]
Neptun, Foto vum Voyager 2 (Falschfarwen)
Stierm an der Neptun-Atmosphär (Bil-Rekonstruktioun vum Voyager 2-Foto)

De John Couch Adams souwéi de franséische Mathematiker Urbain Le Verrier hunn, no Anomalië vun der Uranusbunn, onofhängeg vuneneen d'Positioun berechent, op där den onbekannte Planéit misst sinn. Déi geneeste Berechnung war déi vum Le Verrier. Opgrond vu senge Berechnungen ass et dem Johann Gottfried Galle, Direktor vum Berliner Observatoire gelongen, zesumme mat sengem Assistent Heinrich Louis d'Arrest den 23. September 1846 de Planàit Neptun z'entdecken. Déi tatsächlech Positioun louch nëmme ganz wéineg vun der berechenter Positioun ewech.

Spéider huet sech erausgestallt, datt schonn de Galileo Galilei den Neptun den 28. Dezember 1612 gesinn hat. Aus sengen Opzeechnunge vum Januar 1613 geet eng Observatioun vun der Konjunktioun mat dem Jupiter ervir, bei där de Galilei den Neptun awer fir e Jupitermound respektiv e Fixstär gehalen huet. Wann hien den Neptun nëmmen e puer Deeg méi fréi gekuckt hätt, da wier seng Beweegung um Himmel méi däitlech gewiescht.

Mat enger Ëmlafzäit vun 165 Joer wäert den Neptun am Joer 2011 fir d'éischt erëm déi selwecht Plaz passéieren, op där de Johann Gottfried Galle hien entdeckt hat. Eréischt dann ass eng komplett Ëmlafbunn vum Neptun tatsächlech observéiert ginn.

Am August 1989 war d'Voyager 2 déi éischt a bis elo eenzeg Raumsond, déi den Neptun aus nooster Ëmgéigend erfuerscht huet. Si ass iwwer den Nordpol vum Neptun geflunn an huet de Planéit op enger Distanz vu 4.950 Kilometer passéiert.

Siichtbarkeet

[änneren | Quelltext änneren]

D'Siichtbarkeet ass ënner Neptunpositioune bis 2020 uginn.

Konjunktioun Stationär, da réckleefeg Oppositioun Stationär, da rechtleefeg
Datum Distanz Hellegkeet vis. Duerchmiesser
6. Februar 2006 22. Mee 2006 11. August 2006 29,03948 AE 7,8 mag 2,31″ 29. Oktober 2006
8. Februar 2007 25. Mee 2007 13. August 2007 29,03193 AE 7,8 mag 2,31″ 31. Oktober 2007
11. Februar 2008 26. Mee 2008 15. August 2008 29,02412 AE 7,8 mag 2,31″ 2. November 2008

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1941 gouf dat 93. an deemools virlescht bekannt Element a Fortsetzung vun där mat dem Uran ugefaangener Rei no dem virleschte Planéit als Neptunium benannt.

Portal Astronomie

  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971
  • P. Moore, G. Hunt et al.: Atlas des Sonnensystems. Royal Astronomical Society und Herder-Verlag, 465p., Freiburg – Basel – Wien 1986.
Commons: Neptun – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Gazetteer of Planetary Nomenclature Ring and Ring Gap Nomenclature (December 8, 2004). USGS - Astrogeology Research Program.