Op den Inhalt sprangen

Sola

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sola Super (ouni Chargeur)
Sola Super (ouni Chargeur)
Sola
Sola
Typ Maschinnepistoul
Nationalitéit Lëtzebuerg
Ära Modern
Geschicht
Produktiounsperiod 1954 bis 1957
Operateuren kuckt am Text
Technesch Detailer
Typ Maschinnepistoul
Kaliber 9×19 mm Parabellum
Längt vum Laf 350 mm
Chargeur 32 Schoss
Action Réckstousslueder, Masseverschloss
Schosskadenz 550 rpm
Mündungsvitesse 396 m/s
Gewiicht (eidel) 2,86 kg
Längt 610-889 mm
Varianten Sola-Super
Sola-Léger
Am Ganze gebaut n/a

D'Sola war eng Maschinnepistoul, déi zu Ettelbréck vun der Société Luxembourgeoise d'Armes S.A. gebaut gouf.

Beschreiwung

Deen éischte Modell war d'Sola-Super, e Modell, dee staark inspiréiert war vun der belscher Vigneron.

D'Surface vun der Waff war gro sulphatiséiert a mat Ammoniak behandelt. De Grëff war aus Plastik.
Ënner dem Waffekierper war den Numm SOLA an e roude Léiw ageklappt, e roude Léief, dee fir verschidde Commanden awer erausgefräst gouf.

Am Ganze bestoung d'Sola-Super aus just 38 Eenzeldeeler an hat e geprägte Boîtier. Lénks iwwert dem Pistoulegrëff war e Schalter mat deem een tëscht Eenzel- an Dauerfeier wiele konnt. Besonnesch war de Fait datt een och am Dauerfeiermodus duerch just liicht Drécken Eenzelschëss konnt ofginn an d'Präzisioun vun der Waff, déi wéinst dem fir eng Maschinnepistoul relativ laange Laf iwwert der Moyenne louch.

1957 koum de méi kuerze Modell Sola-Léger eraus, deen awer kee Succès kannt huet.

De Laf

De Laf ass an Däitschland kaaft ginn. Duerno ass den Drall zu Wecker gehummert ginn. Duerno goufen déi réi Leef op Ettelbréck bruecht, wou se op d'Längt geschnidde goufen an den Drall noverschafft gouf.

D'Fabrécksgebai

D'Fabréck war an engem Deel vun der fréierer Ettelbrécker Duchfabréck ënnerbruecht.

D'Personal

An der Produktioun hunn am Duerchschnëtt 19 Leit geschafft.

Produktiounszuelen

Et goufen der eng Rei an Afrika an och der nach a Südamerika verkaaft, genee Zuele sinn net méi bekannt.

Um Spaweck