1. Juli
Ausgesinn
Den 1. Juli ass den 182. Dag vum Joer (183. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
- 1704: Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vun der éischter lëtzebuergescher Zeitung, La Clef du cabinet des princes de l'Europe kënnt eraus.
- 1913: Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vum Escher Tageblatt kënnt eraus.
- 1916: Éischte Weltkrich: Ufank vun der Somme-Schluecht, wou den éischten Dag zingdausende vu britteschen Zaldoten em d'Liewe kommen.
- 1937: Irland erkläert sech zur Republik.
- 1959: Däitschland: Den Heinrich Lübke gëtt Bundespresident.
- 1962: Ruanda gëtt vun der Belsch onofhängeg.
- 1967: Lëtzebuerg: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt ofgeschaf.
- 1974: Däitschland: De Walter Scheel gëtt Bundespresident.
- 1974: Guatemala: De Generol Kjell Eugenio Laugerud García gëtt duerch Wahlbedrug Staatspresident.
- 1976: Spuenien: Den Adolfo Suárez gëtt Ministerpresident.
- 1977: El Salvador: De Generol Carlos Humberto Romero Mena gëtt Staats- a Regierungschef.
- 1978: Guatemala: De Generol Romeo Lucas García gëtt duerch Wahlbedrug Staatspresident.
- 1979: Sony bréngt de Walkman op de Maart.
- 1983: Lëtzebuerg: D'Gesetz iwwert d'Restructuréierung vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg trëtt a Kraaft, dat et erlaabt, Mesüren ze huelen, déi am Rapport Gandois viergeschloe goufen.
- 1984: Däitschland: De Richard von Weizsäcker gëtt däitsche Bundespresident.
- 1987: Den Acte unique trëtt a Kraaft.
- 1988: Lëtzebuerg: De Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Dieren fir de Publik op.
- 1990: Wirtschafts-, Währungs- a Sozialunioun tëschent der DDR an der BRD.
- 1991: De Warschauer Vertrag ("Warschauer Pakt") gëtt opgeléist.
- 1997: Hongkong geet u China zeréck.
- 2000: Dänemark: D'Öresundbréck tëschent Kopenhagen a Malmö gëtt ageweit.
- 2004: Däitschland: Den Horst Köhler gëtt däitsche Bundespresident.
Gebuer
- 1646: Gottfried Wilhelm Leibniz, däitsche Philosoph an Universalgeléierten.
- 1738: Charles Louis François de Paule de Barentin, franséische Minister.
- 1742: Georg Christoph Lichtenberg, däitsche Physiker a Schrëftsteller.
- 1766: François Scheffer, méimolegen Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1977: Claudia Passeri, italienesch Grafikdesignerin.
- 1788: Jean Victor Poncelet, franséische Mathematiker.
- 1804: George Sand, franséisch Schrëftstellerin.
- 1818: Ignaz Semmelweis, éisträicheschen Dokter an Hygiène-Pionéier.
- 1822: Charles-Théodore André; Politiker, Jurist an Auteur.
- 1831: Jules Collart, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
- 1840: Robert Stawell Ball, ireschen Astronom, Mathematiker a Verfaasser vu populärwëssenschaftleche Bicher.
- 1853: Pierre Hentges, lëtzebuergesche Politiker a Sportler.
- 1872: Louis Blériot, franséische Fluchpionéier.
- 1879: Léon Jouhaux, franséische Gewerkschaftler an Nobelpräisdréier.
- 1898: André-Marie Charue, belsche Geeschtlechen a Bëschof vun Namouer.
- 1899: Charles Laughton, amerikanesche Schauspiller a Realisateur.
- 1901: Christian Scholl, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1902: William Wyler, amerikanesche Regisseur.
- 1902: Nicolas Bommertz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1914: Christl Cranz, däitsch Alpineschileeferin.
- 1916: Olivia de Havilland, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1925: Farley Granger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1931: Leslie Caron, franséisch Schauspillerin.
- 1934: Sidney Pollack, US-amerikanesche Filmregisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1934: Claude Berri, franséische Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1935: Lothar Koch, däitschen Haubois-Spiller.
- 1937: Morgan Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1938: Nico Thurm, lëtzebuergesche Moler.
- 1953: Lawrence Gonzi, maltesesche Politiker.
- 1953: Nico Helminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1953: Jadranka Kosor, kroatesch Politikerin.
- 1955: Augusto De Luca, italienesche Fotograf.
- 1967: Pamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodell a Schauspillerin.
- 1971: Buket Alakuş, däitsch-tierkesch Filmregisseurin.
- 1974: Raoul Biltgen, lëtzebuergesche Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1976: Ruud van Nistelrooy, hollännesche Foussballspiller.
Gestuerwen
- 1589: Christophe Plantin, franséische Buchdrécker an Editeur.
- 1860: Charles Goodyear, US-amerikanesche Chemiker an Ingenieur.
- 1866: Ferdinand Baldauff, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1925: Erik Satie, franséische Komponist a Pianist.
- 1940: Ben Turpin, amerikanesche Stommfilm-Komiker.
- 1955: Edward Kasner, US-amerikanesche Mathematiker.
- 1961: Louis-Ferdinand Céline, franséische Schrëftsteller an Dokter.
- 1980: Émile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 1982: Michel Delleré, lëtzebuergesche Professer a Literat.
- 1997: Robert Mitchum, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2000: Walter Matthau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2004: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur.
- 2004 : Paul Beghin, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 2008: Jhemp Bertrand, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 2009: Karl Malden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2012: Margot Werner, éisträichesch Balletdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
Feierdeeg
Méint |
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
Commons: 1. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |