Op den Inhalt sprangen

Nationalhymn

Vu Wikipedia

Eng Nationalhymn ass e Musekstéck, dat d'Staats- und Nationalgefill vun engem Land ausdrécke soll. Si gëtt meeschtens bei feierlechen Uläss gespillt, wéi zum Beispill bei engem Staatsempfang, ma och bei der Éierung vun Gewënner vu sportlechen Evenementer wéi zum Beispill bei den Olympesche Spiller.

Déi meescht Länner hunn zënter dem Ufank vum 19. Joerhonnert esou eng Nationalhymn entwéckelt, an déi meescht dovun hunn esouwuel eng Melodie wéi och en Text, ma et ginn der och, déi ouni Text gespillt ginn.

Et gi verschidden Usancen, wann d'Nationalhymn erkléngt, ma fir gewéinlech stinn d'Leit dobäi op. Munchmol gëtt d'Nationalhymn och matgesong.

Wann de Gesellschaftssystem geännert gëtt, da gëtt dacks och d'Nationalhymn geännert.

E puer Staaten hu méi national Hymnen, woubei zwar nëmmen eng déi offiziell Nationalhymn ass, ma déi aner an der Ëffentlechkeet déiselwecht staark Symbolkraft hunn an zum Deel och bei offiziellen Uläss gespillt ginn. E Beispill dofir ass Groussbritannien, wou sech nieft der Nationalhymn "God save the Queen" och d'Hymnen "Rule Britannia" an "Land of Hope and Glory" etabléiert hunn.

Linken

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Nationalhymnen – Biller, Videoen oder Audiodateien