Op den Inhalt sprangen

Elsass

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Schabloun:FranséischRegioun

Déi germanesch an franco-romanesch Dialektgruppen am Elsass

Den Elsass, (offiziell Alsace op franséisch, s'Elsass op elsässesch, das Elsass op däitsch), ass eng franséisch Regioun déi aus den zwéin Departementer Haut-Rhin a Bas-Rhin besteet.

Ganz vill Leit am Elsass, besonnesch um Land, schwätzen nach ëmmer een däitschen Dialekt, an an der Regioun ginn och haut nach al "däitsch" Bräicher geflegt, wat dem Gebitt eng gewëssen Eegenaart bannent dem franséischen Ensembel gëtt.

Geschichtlech Anekdoten

Den Hans Georg vun Zedlitz, ee vun den deemolege Stroossbuerger Stadmeeeschteren a Mann vun der Maria Esther vu Müllenheim, huet am Joer 1681 versicht Hëllef aus dem Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun géint d'Zaldote vum franséische Kinnek Louis XIV. ze kréien, mee ëmsoss. Esou ass den 30. September 1681 déi bekannt Kapitulatiounsurkund vun Illkirch ënnerschriwwe ginn, an d'Elsass ass vum Räich of u Frankräich gefall.

Den Territoire de Belfort huet fréier och zum Elsass gezielt.

Autonomismus

Am Elsass gëtt et scho laang eng gewëssen Traditioun vun Autonomismus. Et däerf een s'awer net iwwerschätzen, well bekannterweis sinn déi allermeescht Elsässer zefridde mat hirer franséischer Nationalitéit.

Och tëscht 1871 an 1918, wéi d'Elsass mat engem Deel vu Loutrengen als Reichsland zu Däitschland gehéiert huet, hunn d'Elsässer gréistendeels, grad ewéi hir gewielte Vertrieder am franséische Parlament, vehement géint d'Annexioun protestéiert. Ganz vill hunn och mat hire Féiss géint Däitschland gestëmmt: si si fortgezunn, fir sech an der "France de l'intérieur" néierzeloossen an deemno weiderhi Fransousen ze bleiwen.

Ënnert déi wéineg Autonomisten oder souguer Separatisten, mësche sech leider och mol aner, extremistesch Aktivisten. Esou huet d'franséisch Regierung 1993 eng Neonazi-Grupp opgeléist, déi "Heimattreuen-Vereinigung Elsass" geheescht a mat däitsche Schwësterorganisatioune geschafft huet [1].

Den 31. Oktober 2009 ass déi regionalistesch Partei Unser Land - Le Parti Alsacien gegrënnt ginn, déi d'Zil verfollegt, d'Elsass z'eenegen an onofhängeg ze maachen. An enger Stéchwal huet den David Heckel de 27. Mäerz 2011 géint de Simon Schmidt (UMP) mat 54,79 % vun de Stëmme gewonnen an ass domat zum neie Generalrot (conseiller général) vum Kanton Sarre-Union gewielt ginn.

Literatur

  • Michael Erbe, Das Elsass - Historische Landschaft im Wandel der Zeiten ; Stuttgart, 2002.
  • Kollektiv (~50 Auteuren), Alsace, terre rhénane, porte de l'Europe ; Revue Historiens & Géographes , Nr. 347 / Februar 1995 ; 498 Säiten; ISSN 004675X
  • L. Sittler, L'Alsace, terre d'histoire ; Colmar, 1972.
  • Ph. Dollinger, J.-J. Hatt, F. L'Huillier, G. Livet, R. Marx & F. Rapp, Histoire de l'Alsace ; Toulouse (Privat), 1970.
Kapitulatiounsurkund vun Illkirch

Um Spaweck

Commons: Alsace – Biller, Videoen oder Audiodateien


Schabloun:Arrondissementer Elsass Schabloun:FranceReg

Referenzen

  1. Luxemburger Wort vum 2. September 1993