Op den Inhalt sprangen

Grönland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Grönland, op Grönlännesch Kalaallit Nunaat „Land vun de Grönlänner“ an op Dänesch Grønland [ˈgʀœnlanʔ] „Gréngland“, ass déi gréissten Insel vun der Äerd. Geographesch gëtt se zum arkteschen Nordamerika gezielt, politesch ass se autonome Bestanddeel vum Kinnekräich Dänemark.

Mat enger Fläch vun 2,2 Millioune Km2 ass Grönland ronn sechsmol sou grouss wéi Däitschland. 4/5 vun der Insel si mat Äis bedeckt dat bis 3 000 m déck ass. Nëmmen eng schmuel, héchstens 150 km breet Sträif laanscht d'Mier am Süden an am Westen sinn äisfräi. Den héchste Bierg mat 3 733 m, den Gunnbjørn Fjeld, deen och nach Hvitserk genennt gëtt, läit an Ostgrönland.

Déi ronn 50 000 Awunner liewen haaptsächlech vu Fëschen, Robbejuegd a Schofszuucht.

D'Haaptstad vun der Insel ass Nuuk (dänesch Godthåb).

Geschicht

D'Insel gouf ëm 875 vun de Normannen entdeckt. Den Erik de Rouden huet se Gréngt Land gedeeft an déi éischt europäesch Siidlung gegrënnt.

Vun 1261 un huet Grönland zu Norwegen gehéiert a koum esou mat Norwegen an de Besëtz vun Dänemark. Wéi Norwegen 1814 onofhängeg gouf, huet Dänemark Grönland awer behalen.

Vun 1979 un verwalt Grönland sech selwer an ass, am Géigesaz zu Dänemark, net Member vun der EU.

Um Spaweck

Commons: Grönland – Biller, Videoen oder Audiodateien