Op den Inhalt sprangen

Islam: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.3) (Bot: Derbäi setzen: kaa:İslam dini
k r2.7.3) (Bot: Derbäi setzen: gv:Yn Islam, min:Islam
Linn 99: Linn 99:
[[fur:Islam]]
[[fur:Islam]]
[[ga:An tIoslam]]
[[ga:An tIoslam]]
[[gv:Yn Islam]]
[[gd:Ioslam]]
[[gd:Ioslam]]
[[gl:Islam]]
[[gl:Islam]]
Linn 153: Linn 154:
[[mzn:ایسلام]]
[[mzn:ایسلام]]
[[ms:Islam]]
[[ms:Islam]]
[[min:Islam]]
[[mwl:Eislan]]
[[mwl:Eislan]]
[[mn:Ислам]]
[[mn:Ислам]]

Versioun vum 23:47, 8. Feb. 2013

Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Islam ass eng Relioun, déi am 7. Joerhonnert zu Mekka entstanen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Mohammed als Prophéit. Ausser dem Prophéit Mohammed erkennen d'Muslimen nach aner Prophéite wéi Jesus, Moses, Abraham an Adam un.

Den Islam huet tëscht 1,1 an 1,5 Milliarden Unhänger. En ass nom Chrëschtentum déi zweetgréisst monotheistesch Weltrelioun an a bal alle Länner vertrueden.

D'Glawens- a Moralléier, d'Ritualen an d'reliéis Uerdnung baséieren op dem Allah sengen Offenbarungen, déi de Mohammed am Koran hannerluet huet. Fir déi gréisste Grupp vun de Muslimen, d'Sunniten, gëtt de Koran als Reliounsquell duerch d'Iwwerliwwerung (Hadith) an d'Gewunnechtsrecht (Sunna) ergänzt.

D'Sunnite stellen a bal allen islamesche Länner d'Majoritéit vun der Bevëlkerung duer mat Ausnahm vum Bahrain, dem Iran, dem Irak, dem Jemen, dem Libanon an dem Oman. Fir d'Sunnite gëllt de Nofolger vum éischte Kalif Abu Bakr als geeschtleche Chef.

Déi zweet grouss Glawensrichtung vum Islam sinn d'Schiiten. Si veréieren den Eedem an Adoptivjong Ali, Mann vum Mohammed senger Duechter Fatima, a seng Jongen Hussein an Hassin als rechtméisseg Nofolger vum Prophéit Mohammed.

Doniewent bestinn nach vill regional Sekten.

D'Léier

D'Léier vum Islam ass staark vum jiddeschen a vir-islamesche Glawensgutt beaflosst. Folgend Léiersätz sinn am Fong bei alle Richtungen d'selwecht:

  • Et gëtt nëmmen ee Gott, Allah, Här a Schëpfer vun der Welt.
  • De Mënsch Mohammed ass dem Allah säi Prophéit.
  • De Koran (dat Buch wat dacks gelies soll ginn) ass d'Helleg Schrëft vum Islam, wou dem Allah seng Offenbarungen dra stinn.
  • Den Allah huet Engelen, Däiwelen an Dschinne (Dämonen) geschaf als gutt a béis Geeschter.
  • De Liewenslaf vum Mënsch ass vun Ufank u viraus bestëmmt. Et bleift awer nach Raum fir eegen Entscheedungen.

Déi wichtegst Geboter sinn:

  • Rituell Wäschunge fir d'ënnerlech Rengegung.
  • D'Beschneidung (dëst ass net obligatoresch, gëtt awer als Sunnah ("recommendéiert") agestuft)
  • Deeglech Gebieder an d'Anhale vun de Feierdeeg.
  • Donen a Form vun 2,5% vum Akommes.
  • D'Faaschten am Ramadan.
  • D'Pilgerfahrt bei d'Kaaba zu Mekka. D'Pilgerfahrt kann awer och vun Ersatzpilger gemaach ginn.
  • De Genoss vun Alkohol a Schwéngefleesch, grad ewéi Glécksspiller, Wucher, Zauberei an d'Zukunft viraussoen si verbueden.

Um Spaweck

Commons: Islam – Biller, Videoen oder Audiodateien

islam.lu

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA