Tsiolkovskiy (Moundkrater)
De Krater Tsiolkovsky | |
Koordinaten | 20°22'48"S, 128°58'12"O |
---|---|
Duerchmiesser | 184 km |
Selenographesch Längt | 235° bei Sonnenopgank |
Genannt no | K. E. Ziolkowski |
Genannt am Joer | 1961 |
Moundvéiereck | LQ22 |
Den Tsiolkovskiy ass e grousse Krater op der äerdofgedréiter Säit vum Äerdmound.
Den hellen Zentralbierg an de Kraterrand maachen en opfällege Kontrast mam donkle Kraterbuedem. De Kraterrand ass wéinst gerutschte Ramplien e bëssen eckeg. De bannenzege Rampli ass terrasséiert. De Kraterbuedem ass mat basaltescher Lava opgefëllt, déi méiglecherweis am Laf vun e puer 100 Millioune Joer aus dem Moundkär erauskoum. Well bis haut keng Buedemprouwe vun der Récksäit ënnersicht konnte ginn, ass eng genee Altersschätzung schwiereg. Allerdéngs gëtt wéinst der opfälleger donkler Buedemfaarf a gerénger Kraterdicht ugeholl, datt den Tsiolkovskiy-Krater genee wéi d'Mare Moscoviense méi jonk ass wéi déi grouss Maren op der äerdzougedréiter Säit. Den zentrale Biergmassiv ass iwwer e puer dausend Meter méi héich wéi d'Flaachland.
Den Tsiolkovskiy op Biller vun der sowjetescher Moundsond Lunik 3, déi am Joer 1959 fir d'éischt Biller vun der Récksäit vum Äerdmound gesent hat, entdeckt. E gouf am Joer 1961 nom russesche Rakéitepionéier Konstantin Ziolkowski (1857–1935) genannt. Déi haiteg Schreifweis mat Ts amplaz Z ass, kënnt wéi bei alle Strukturen um Äerdmound vum Laténgeschen hier.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
W | 16,05° S, 126,83° O | 12 km | [1] |
X | 14,74° S, 126,42° O | 12 km | [2] |
Kuckt och
[Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Antonín Rükl: Mondatlas. Werner Dausien, Hanau 1990, ISBN 3-7684-2047-7.
- Elijah E. Cocks, Josiah C. Cocks: Who's who on the moon. A biographical dictionary of lunar nomenclature. Updated and revised edition, 2nd edition. Tudor Publishers, Greensboro NC 2009, ISBN 978-0-9778026-1-6.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tsiolkovskiy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Moundkaart Nr 101: Den Tsiolkovskiy läit uewe riets
- Apollo Image Gallery
- Tsiolkovsky Central Peak Flyover Lunar and Planetary Institute